Staatsbeamtegewerkschaft CGFPHome Office soll partiell nom Deconfinement bestoe bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Niewent engem Refus vun der Gewerkschaft, fir komplett nees vum Büro aus ze schaffen, misst och de Congé vun 2020 op 2021 nach mat verdeelt ginn.

Am Kader vum Deconfinement an domadder vum Retour op d'Aarbechtsplaz vun de Verwaltungen, huet d'CGFP dem zoustännege Minister Marc Hansen dës Woch e Katalog mat Recommandatiounen zoukomme gelooss.

Heiranner gouf awer och op eng Partie "No-go's" higewisen, wou eng Partie Déngschtplaze bei der Ëmsetzung vun de Sécherheets- an Hygiènesmesurë festgestallt goufen.

Virun allem awer schwätzt sech d'Gewerkschaft vun de de Staatsbeamten awer géint en direkten a komplette Retour vun den ëffentleche Beamten op hir Aarbechtsplaz aus. Zill vum dësem Deconfinement misst et nach ëmmer sinn, d'Verbreedung vum Virus sou gutt et geet anzedämmen. Den Home Office an d'Schaffe vun der Aarbechtsplaz aus, sollen also vun de Beamten ofwiesselend an Usproch geholl ginn.

Weidere Punkt sinn dann d'Congéen: Well et hei och Auswierkunge ginn a vill Beamte kee Congé huele konnten, misst hei eng speziell Reegelung vum Minister an d'Weeër geleet ginn. Konkret sollen d'Congésdeeg aus de Joren 2020 an 2021 zesummegeluecht ginn. Congésdeeg déi Beamten dëst Joer nach zoustinn, sollen also op déi 2 Joer verdeelt ginn. Sou solle virun allem personell Enkpäss um Enn vum Joer an der Fonction publique evitéiert ginn.

Da gëtt och kloer betount, dass déi sektoriell Ofkommesse beim CGDIS an der Verwaltung vun der Douane onbedéngt op en Enn bruecht gi mussen. Hei geet et jo ënnert anerem ëm eng Aarbechtszäitreegelung a béide Beräicher. Wéi et ka sinn, dass et hei no engem Joer ëmmer nach keen Ofschloss gouf, ass der CGFP onbegräiflech, heescht et an hirem Communiqué. Bis Enn vun dësem Mount, musse béid Ofkommessen ënnerschriwwe sinn, esou d'Fuerderung.

De komplette Communiqué vun der CGFP

Back to Top
CIM LOGO