Zanter 1912 ass zu Lëtzebuerg gesetzlech festgehalen, dass Elteren hir Kanner doheem ënnerriichten dierfen - dovu Gebrauch mécht just eng Minoritéit. Am Reportage gi mer der Fro no, aus wéi enge Grënn ee sech fir den Homeschooling entscheet a wéi esou en „Unterrecht“ doheem ausgesäit.
D’Famill Croiset wollt hir 4 Kanner ursprénglech just fir ee Joer aus der Schoul huelen, fir 6 Méint mam Camper duerch Europa ze fueren. Wéi se zréckkomm sinn, wollt allerdéngs just eent vun de Kanner erëm zréck an d’Schoul, esou dass se kuerzerhand entscheet hunn, fir di 3 aner beim Homeschooling ze bleiwen.
De Georges Pfeiffenschneider ass selwer Schoulmeeschter an huet säi Meedche Julie nom éischte Schouljoer aus der Schoul erausgeholl. Hien erkläert, dass e mam aktuelle Schoulsystem onzefridden ass an am Homeschooling eng Alternativ gesäit, bei der ee kee feste Programm duerchzezéie muss, mä sech individuell un d'Interesse vu sengem Meedchen upasse kann.
Wéi genee d’Praktizéiere vun der „éducation à domicile“ auszegesinn huet, ass gesetzlech net virgeschriwwen, just dass sech d’Eltere wéi och d’Schoulen un de Plan d’Etudes hale mussen. D’Kanner sollen also um Enn vum Joer dat jeeweilegt Kompetenzraster erreechen.
Dat ze kontrolléieren, fält den Ament fir de Fondamental an d’Verantwortung vum jeeweilege Regionaldirekter ma och hei ass gesetzlech net festgeschriwwen, wéi dacks di Kontrolle musse sinn a wéi se sollen ausgesinn.
Fir 2019 gesäit den Educatiounsministère vir, d’Gesetz vum Homeschooling ze konkretiséieren. Geplangt ass, eng Instanz ze schafen, déi sech just ëm dës Problematik këmmert an déi d’Elteren nieft de Kontrolle beroden a begleede soll.