Grouss SolidaritéitHonnerte Benevollen zu Iechternach am Asaz

Christophe Hochard
Nodeems d'Waasser an der historescher Stad zeréckgaangen ass, fält eréischt op, wéi grouss de Schued wierklech ass.
Honnerte Benevollen zu Iechternach am Asaz
Nodeems d'Waasser an der historescher Stad zeréckgaangen ass, fält eréischt op, wéi grouss de Schued wierklech ass.

De Val des Roses zu Iechternach: E Quartier, dee vum Héichwaasser ganz schro getraff gouf. Sou héich ewéi déi Kéier hätt d'Waasser nach ni an de Stroosse gestanen.

De Schued an de Privathaiser wär enorm. Bei ville Famillje mussen alleguerten d'Miwwel aus der Kichen an der Stuff op den Tipp. Elo gëllt et, d'Waasser aus dem Haus ze kréien.

D'Solidaritéit ënnert de Mënschen ass enorm. Op ënnert den Iechternacher oder Leit vun auswäerts. Jidderee péckt eng Hand mat un. 300 Benevolle sinn zanter e Samschdeg de Moien an der Abteistad aktiv an hëllefen, wou se nëmme kënnen. Sou e.a. d'Scouten. Nieft Privatleit a Clibb vun Iechternach ass och d'Lëtzebuerger Arméi sur place. Eng 30 Leit sinn an déi sinistréiert Stad detachéiert ginn.

Uerg betraff ass och déi fréier Education Différenciée. De ganze Rez-de-chaussée ass iwwerschwemmt. 4 Klassesäll sti voller Waasser. 18 Schüler sinn normalerweis hei an de Coursen.

230 Awunner goufen en Donneschdegowend mat Booter aus den Haiser geholl. D'Gemeng huet 150 Mënsche relogéiert. Elo, wou d'Waasser zeréckgaangen ass, fält den enorme Schued un an an den Haiser eréischt op.

Méi iwwert d'Solidaritéit an d'Opraumaarbechten am Tëlee-Reportage aus dem Journal.

RTL NEWS: Éischt Opraumaarbechten hunn zu Iechternach ugefaangen

Back to Top
CIM LOGO