
Wéi de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet mellt, rifft de Fabrikant Qualiphar virsiichtshallwer d’Charge N°61075 vum Houschtsirop “Toularynx Dextromethorphan 1,5 mg/ml” wéinst dem Risk vu Glaspartikelen zréck. An enger Fläsch aus där Charge wier nämlech e Stéck Glas dra gewiescht.
Och wann a kenger vun den iwwerpréiften Echantillonen Glaspartikel nogewise goufen a keng weider Meldungen erakoumen, kann net ganz ausgeschloss ginn, datt net nach weider Fläsche mat Glaspartikelen am Ëmlaf sinn. Well d’Consomatioun dovu geféierlech ka sinn, gëtt d’Charge zréckgeruff.
Leit, déi dee Sirop doheem hunn, si gebieden, d’Charge-Nummer op der Verpackung z’iwwerpréiwen. Wann dës d’Nummer 61075 huet, dierf de Produit net méi consomméiert ginn. D’Fläsch muss an enger Apdikt zréckbruecht ginn, wou se entsuergt gëtt.