Héich GeméispräisserHuet d’Inflatioun schonn Auswierkungen op d'Kafverhalen?

Isabelle Henschen
Wéi gesäit d’Entwécklung vun de Präisser an d’Auswierkung op d’Ernierung vun de Lëtzebuerger den Ament aus? RTL freet no bei Produzenten.
Huet d’Inflatioun schonn Auswierkungen op d'Kafverhalen?
Wéi gesäit d’Entwécklung vun de Präisser an d’Auswierkung op d’Ernierung vun de Lëtzebuerger den Ament aus? RTL freet no bei Produzente vu Geméis no.

“D’Leit spuere schonn an oder si fänken un, méi bewosst ze kafen. Méi bewosst opzepassen, wat se huelen, wéi vill se huelen. Dass se vläicht och net méi sou vill ewechpuchen. Do si mer lo am gaangen, mol bësse méi ze kucken, dass alles verwäert gëtt, wat mer hunn. » seet d’Silvie Clees, déi zënter 17 Joer um Maart hiert eegent an zoukafte Bio-Geméis ubitt. Weiderhi wier et fir si awer rentabel op de Maart ze kommen. Dat bericht och den Thomas Ripplinger, deen zënter 20 Joer säin Uebst a Geméis aus der Regioun op Mäert verkeeft : « Die Märkte die wir so bedienen sind im allgemeinen gleich geblieben. Sie haben saisonal immer Höhen und Tiefen, aber im Grossen und Ganzen, von Kaufzurückhaltung kann ich Ihnen so nichts berichten. »Den Niki Kirsch schafft am héijen Alter nach um Familljebetrib mat. 1966 huet hien d’Geméisgärtnerei um Eecherfeld ersteigert an elo produzéiert d’Famill Kirsch schonn an der 5ter Generatioun Geméis a Kraider. Wéi gesäit hien d’Entwécklung vun de Präisser an d’Auswierkung op d’Ernierung vun de Lëtzebuerger, wäerten d’Leit ophale Geméis ze kafen?

«Déi Präishaussen, déi kënnen net vill méi héich ginn an d’Leit sinn ëmmer méi bewosst, fir regionaalt saisonaalt Geméis ze kafen. Also neen, ech bezweifelen dat. Et ka vläicht een oder den aneren ofsprangen, fir bësse méi Déifgefrueres ze kafen, mee och déi déifgefruere Wuer kann een net onbedéngt verdamen.”

All d’Produzente recommandéiere beim Kaf vum Geméis op d’Saison ze kucken. Dat saisonaalt Geméis ass ëmmer méi präiswäert. E Saisonskalenner, wou ee gesäit wat grad hei an der Regioun produzéiert oder als Lagerwuer verkaf gëtt, fënnt een hei :

«Mir musse Chrëschtdag keng Äerdbier hunn, mir mussen am Wanter keng Tomaten hunn a wa mer se hunn, nu gutt da muss een eben den deiere Präis bezuelen », seet de Claude Kirsch, deen an der 5. Generatioun d’Geméisgärtnerei vun der Famill Kirsch féiert.

D’Präisser vun den Tomate si geklommen a Previsioune sinn, dass se nach weider kéinte klammen. An Holland huet den Ament nämlech all zweet Zär, déi Paprika oder Tomaten ubaut, zou. Déi Wuer, déi do produzéiert géing ginn, wär fir de Verkaf Mëtt Abrëll virgesinn. Dës Zäre mussen op 18-20 Grad gehëtzt ginn, fir d’Geméis ze zillen. Bei deenen Energiepräisser rentéiert et sech net méi fir di hollännesch Firmen. Dat statistescht Bundesamt aus Däitschland huet eng Präishausse vun Tomate vun 20% festgestallt.

Beim saisonale Geméis, wat hei an der Regioun ugebaut gëtt, hänkt d’Präishausse och dovunner of, ob d’Geméis a beheizten Zären oder ongehëtzte Folientunnele produzéiert gëtt. Nach wieren d’Haussë vum saisonale Geméis, wat ugebuede gëtt, net allzegrouss, mee verschidde Facteure géifen dozou bäidroen, dass am Laf vum Joer d’Präisser missten no uewen ugepasst ginn. De Som vum Geméis ass 3-20% méi deier ginn an d’Personalkäschte klammen duerch d’Indextranchen.

Als Geméisproduzent zu Lëtzebuerg huet ee souwuel Virdeeler wéi och Nodeeler, seet den Claude Kirsch :

«Den Opwand vu Lëtzebuerger Säit par Rapport zum Ausland war ëmmer méi héich. Well mir alles kleng strukturéiert Betriber sinn. Am Ausland, wann een zum Beispill an der Pfalz Zalot zillt, dann zillt een 30 Hektar Zalot. Mir maachen en hallwen Hektar. An da kann een natierlech net sou mechaniséieren, an et ass vill méi Handaarbecht dran. Dat heescht, den Opwand war ëmmer méi héich. Mee lo mat där Präisdeierecht gëtt de selwechten Opwand einfach méi deier. An da musse mer kucken, dass mer dat op d’mannst deelweis iwwert de Verkafspräis erakréien. Mee alles weiderginn, kënne mer net. »

Resultater vun der Ëmfro op RTL.lu

Resultater vun der Ëmfro
“Präisdeierecht bei de Liewensmëttel”

Back to Top
CIM LOGO