Lëtzebuerger HëllefskonvoiImpressioune vun der polnesch-ukrainescher Grenz

Annick Goerens
Um 17 Auer en Donneschdeg den Owend ass de Lëtzebuerger Hëllefskonvoi vun der Asbl Slava Ukrayini op der polnesch-ukrainescher Grenz ukomm.

04/03/2022 BAND Ukrain-Bus Impressiounen 07h30 -goerens- RAD

13 Flüchtlingen, dorënner 8 Kanner, sinn aktuell am Bus, dee mëttlerweil ënnerwee ass a Richtung Rumänien. Eis Reporterin Annick Goerens mat Andréck vun de leschte Stonnen.

Mat engem Puppelche vu 6 Méint versicht een alles, fir en ze berouegen an net vill Leit hunn a sou engem réngen Alter schonn esou vill musse matmaachen. D‘Mamm, déi 32-Joer al Aleksandra Chirikaieva vu Kyiv erkläert: “On a passé 6 nuits au sous-sol. On avait peur. Mon mari a décidé de prendre le bus. On a fait 14 heures de route.”

Déi jonk Mamm mécht sech Suergen ëm hir Kanner, och wéinst deem, wat si gesinn hunn. Ma besonnesch dat Eelst sollt eigentlech an d‘Schoul goen an net virun engem wéi si seet “sënnlose Krich” fortlafen: “Le plus petit il a 6 mois. L’autre fils il a 3 ans et notre fille elle va avoir 12 ans. Elle va à l’école par internet, parce qu’en Ukraine c’était déjà difficile avec les écoles à cause du Coronavirus. Alors je pense qu’elle va continuer les études à l’école par internet ukrainienne, mais cette école se situe à Charkow et Charkow était bombé donc on ne sait pas si ça va marcher.”

Am fréien Owend si mer dunn un der polnescher Grenz, déi aner Säit vum ukrainesche Rava Rus‘ka ukomm. D‘Biller vun do weisen de Misär vun engem Krich, dee grad eréischt ugefaangen huet. Immens vill Kanner sëtzen do ënnert zwou, deels dräi Decke beim Feier. D‘Mammen organiséieren Téi, Iessen, Transport…

“Where to?”, also “Wouhin?” hunn ech gefrot. “Away"…"Far away”, also fort... wäit fort. Dat war d’Äntwert. Dertëscht sëtzen dann och vill eeler Leit mat resignéierte Blécker a kucken einfach just no. Benevollen aus Polen, deels vun 800 Kilometer wäit fort, sinn op der Plaz fir ze hëllefen, z‘organiséieren. Wéi, wou, wat? Dat weess kee wierklech an der Hetz.

Op der anerer Säit gesinn ech awer bestëmmt 10 jonk Männer stoen. Eng Fra dréckt de Mann, wéi fir Äddi ze soen. Ech verstinn net genee, wat do lass ass a sinn dohi gaangen, fir nozefroen. Et si Fräiwëlleger, Söldner, déi vun iwwerall hirkommen, fir dierfen eran an d‘Ukrain kämpfen ze goen. Déi meescht schwätze keen Englesch ausser een, dee mer zielt, dass hie géing fir de Fridde kämpfe goen. Hien hätt Angscht, dass ouni Hëllef de Krich och bei him doheem, hei a Polen, kéint ukommen.

Mir musse weider. Mir hunn Zäitdrock. Op der ukrainesch-rumänescher Grenz waarden nach iwwer zwou Dose Leit op eise Bus.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO