OKAJU fuerdert besser ZesummenaarbechtInklusioun an der Schoul bleift eng Erausfuerderung

Annick Goerens
Et ass an der Kannerrechtskonventioun an an der Behënnerterechtskonventioun festgehalen, dass Kanner mat engem Handicap oder mat Besoins spécifiques d'Recht hunn, fir an hirem Quartier oder an hirer Gemeng kënnen eng inklusiv Beschoulung ze kréien.
© Didier Weber

Inklusioun an der Schoul bleift eng Erausfuerderung

Et gëtt a ville Schoule Rampe laanscht Trapen, Lifter an adaptéiert Material. Allerdéngs dierf ee sech net der Illusioun higinn, dass et domat gedoen ass, dass mer schonn déi voll Inklusioun hunn, erkläert den Ombudsmann fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlecher Charel Schmit e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz.

“Natierlech ginn et eng Partie Kanner, déi effektiv e physeschen Handicap hunn. Mee dat, wat d’Erausfuerderung haut ass, ass natierlech alles, wat d’Neurodiversitéit betrëfft. Dat heescht, Kanner, déi am Fong een Handicap invisible hunn, wat een net direkt gesäit, mee awer, wat een opgrond vun hirem Parcours, vun hirer Spezifizitéit effektiv eng extra Prise en charge brauchen. An do geet et dann drëm, eben ze denken, wéi muss den Alldag an der Schoul strukturéiert ginn, fir dass eben keng Krisen entstinn. Wéi muss de Klassesall amenagéiert ginn, wéi een Léierrhythmus, wéi eng zousätzlech Hëllefe muss e kréien, Ënnerstëtzung muss e kréien asw.”

Do, wou et mëttlerweil schonn een Acquis gëtt, wier fir all “DIS-Problematiken”, wéi zum Beispill Dyslexie oder Dyskalkulie. Mee an Zukunft wäerten et virop ëmmer méi Kanner gi mat neurodiverse Profiller. An d’Schoul misst sech dorop astellen.

“Well mir kënne se net alleguer an aner Strukturen ausserhalb vun der Reegelschoul setzen. Temporär kënne mer dat maachen a kann dat hëllefen, awer et muss kloer sinn, dass et ëmmer erëm de Wee an d’Reegelklass an d’Reegelschoul muss opbleiwen an dass ënnert engem Dag vun der selwechter Schoul, verschidde Settinge vun der Prise en charge musse méiglech sinn.”

E grousse Problem wier, dass sech déi verschidden Acteuren um Terrain net genuch koordinéieren. An de Ministèrë géif et ëmmer nach Silo-Denken ginn, bedauert d’Helen Portal, Juristin beim OKAJU.

“D’Inclusion scolaire ass ënnert der Kompetenz vum Educatiounsministère (MENJE) an d’Inklusioun nieft der Schoul wier d’Kompetenz vum Familljeministère. Wann et Gewalt oder een Signalement gëtt, dann ass d’Kompetenz fir de Placement vu Kanner beim Justizministère. An dofir gëtt et vill Schwieregkeete fir d’Acteuren, fir zesummenzeschaffen. D’Ministèrë schaffen an hirem Silo an et gëtt net vill Dialog.”

Den OKAJU fuerdert dofir, dass d’Zesummeschaffe vun de verschiddenen Acteure soll verbessert ginn. Grad beim Iwwergang vum Primär an de Secondaire géingen dacks Informatioune verluer goen. Um lokale Plang bräichten d’Direktiounen an de Schoule méi Fräiheet, fir sech d’Ressourcen esou ze organiséieren, dass et dem Kand am Beschten ze gutt kënnt. An et bräicht och méi Ressourcen, fir den direkten Encadrement vun de Kanner, fuerdert de Charel Schmit.

Back to Top
CIM LOGO