
Dëst ass e ganz wichtege Rendezvous all Joer am Lëtzebuerger Bau.
„Méi a méi séier bauen“ ass d'Devise. Grouss Infrastrukturprojete gi méi séier realiséiert wéi geplangt. De Boulevard Märel an de Contournement vun Zéisseng kréien eng absolut Prioritéit.
Aner prioritär Projete sinn ënnert anerem d'Diddelenger Autobunn, déi jo op zweemol 3 Spueren ausgebaut gëtt, Bus a Covoiturage gi prioriséiert. D'Collectrice du Sud gëtt optimiséiert. D'B7 tëscht Colmer-Bierg an Ettelbréck gëtt securiséiert. An de Contournement Käerjeng gëtt gebaut.

