Uechter d'LandCGDIS mellt véier Blesséierter bei véier Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS eng Partie Interventiounen um Samschdeg.
© Laurent Weber

E Samschdeg gouf et zwee Accidenter mat blesséierte Motocyclisten. Eng Kéier géint 11:30 Auer tëscht dem Niklosbierg a Veianen an eng knapp Stonn drop tëscht Bettenduerf an Eppelduerf.

En Auto an e Camion si géint 11:20 Auer op der Areler Autobunn tëscht dem Wandhaff an der belscher Grenz net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Op der Tréierer Autobunn gouf et ëm d'Mëttegstonn en Accident mat zwee Autoen. Dat war tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Tunnel Houwald. Eng Persoun gouf blesséiert.

Zu Esch waren d'Pompjeeën an d'Rue Dicks geruff ginn, well et an enger Kichen ugefaangen hat mat brennen. An tëscht Conter a Siren ass en Trakter accidentéiert. Bei dësen Tëschefäll ass kee verwonnt ginn.

Pompjeeën an der Rue Dicks zu Esch am Asaz
Pompjeeën an der Rue Dicks zu Esch am Asaz
© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO