No déidlechem Iwwerfall um KierchbiergIwwer 70 Leit op der Marche Blanche zesummekomm, fir Äddi ze soen

RTL Lëtzebuerg
Um Ouschterweekend gouf déi 46 Joer al Fra dout an engem Restaurant um Kierchbierg fonnt. Elo hu Frënn a Famill eng Marche Blanche fir si organiséiert.
Ronn 70 Leit waren op der Marche Blanche.
Famill, Frënn an Aarbechtskolleegen wollten och zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet hunn dem Affer vum déidlechen Iwwerfall Äddi ze soen.

72 Leit hunn un der Marche Blanche deelgeholl.. Dorënner vill Aarbechtskolleegen a Frënn. Déi meescht hatenwäiss T-Shirten mat enger Foto vum Affer drop un a wäiss Ballonen.

Am Gespréich mat fréieren Aarbechtskolleeginnen hu si erzielt, dës Marche organiséiert ze hunn, fir och zu Lëtzebuerg kënnen Äddi ze soen. Déi 46-järeg Italienerin ass Enn Abrëll nämlech an hirem Heemechtsduerf an Italien begruewe ginn.

D’Marche Blanche fir d’Affer vum déidlechen Iwwerfall an engem Restaurant um Kierchbierg huet hiert Enn am Park hannert der Coque fonnt. Hei hunn déi 70 Leit wäiss Ballone fléie gelooss an Hand an Hand zesummen un d’Affer geduecht. De Partner vun der verstuerwener Italienerin huet nach e puer Wierder u si geriicht, éiert d’Ballone geflu sinn.

Gestuerwe wéinst 3.000 Euro

D’Italienerin, déi zënter e puer Joer zu Lëtzebuerg an engem italienesche Restaurant geschafft huet, war Affer vun engem brutalen Iwwerfall ginn. 2 Täter haten d’Gerante vum Restaurant Owes iwwerrascht, wou si dobäi war d’Kees ze zielen an hunn dunn op si ageschloen. D’Täter haten 3.000 Euro matgoe gelooss.

Enn Abrëll dunn goufen an dëser Affär 3 Leit festgeholl. Ënnert hinnen och ee Mataarbechter vum Restaurant, deen den Täter den Zoutrëtt zum Lokal erméiglecht soll hunn.

Back to Top
CIM LOGO