RTL-InformatiounenHuet déi 46 Joer al Fra um Kierchbierg wéinst 3.000 Euro misse stierwen?

RTL Lëtzebuerg
Um Ouschterweekend gouf am Keller vun enger Pizzeria eng Läich fonnt. Elo kommen ëmmer méi Detailer un d'Luucht. Deemno war et e brutalen Iwwerfall.
© Domingos Oliveira/RTL

RTL-Informatiounen no gëtt et e Video vun der Dot. Wärend d’Mataarbechterin vun der Pizzeria d’Keess gezielt huet, koumen zwou vermummte Persounen an d’Lokal an hunn déi 46 Joer al Italienerin brutal iwwerfall.

D’Fra gouf eise Quellen no zesummegeschloen a stranguléiert. Duerno hunn d’Täter d’Fra mat bei de Safe an de Keller geholl an hunn do weider op si ageschloen. Dat alles fir ronn 3.000 Euro, déi d’Täter aus der Kees solle matgoe gelooss hunn.

E Sonndeg da gouf d’Läich vun der 46 Joer Fra am Keller vun der Pizzeria an der Avenue John F. Kennedy fonnt. Et gouf eng Autopsie vun der Läich ordonéiert. Dës ass elo ofgeschloss. Confirméiere konnt een eis säitens der Justiz just, dass et sech tatsächlech ëm e Gewaltverbriechen handelt.

Vill Reaktiounen aus Italien

D’Fra ass der italienescher Zeitung Il Riformista no an der Schwäiz gebuer, ass duerno awer mat hiren Elteren zeréck an hier Heemescht Molise geplënnert, méi genau an d’Duerf Petacciato mat just 4.000 Awunner. Hei ass een iwwert den trageschen Doud vun der Italienerin schockéiert. D’Fra war zu Petacciato an enger gemengnëtzeger Organisatioun engagéiert, déi sech Protezione Civile Petacciato ONLUS nennt a wou et ëm Zivilschutz geet.

Virun e puer Joer ass d’Italienerin op Lëtzebuerg komm an huet am italienesche Lokal um Kierchbierg geschafft. Hire Partner huet si zu Lëtzebuerg kennegeléiert an huet zesumme mat him zu Lonkech gelieft. De 14. Mee sollte si sech bestueden, huet hire Partner enger italienescher Zeitung erzielt.

Back to Top
CIM LOGO