Parquet Lëtzebuerg3 Leit verhaft wéinst déidlechem Iwwerfall a Restaurant um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no huet eng Persoun déi am Restaurant geschafft huet, den Täter erméiglecht eranzekommen.
© Domingos Oliveira

3 Leit goufen en Donneschdeg am Zesummenhang mam déidlechen Iwwerfall am Restaurant um Kierchbierg festgeholl. Elo kommen ëmmer weider Detailer un d’Liicht. RTL-Informatiounen no huet eng Persoun déi am Restaurant geschafft huet, den Täter erméiglecht eranzekommen. Dës Persoun wier vun der Police als éischt verhaft a verhéiert ginn. Opgrond vun hiren Aussoen hätte méi spéit kënnen 2 weider Persounen identifizéiert a festgeholl ginn.

Dem Lëtzebuerger Wort no waren dës Perquisitiounen op der Place de la Gare an zu Bouneweg. Bei de Verdächtege géif et sech ëm Männer tëscht 20 an 30 Joer handelen.

De 17. Abrëll gouf d’Läich vun enger Fra am Keller vun engem italienesche Restaurant fonnt.

Op engem Iwwerwaachungsvideo war ze gesinn, wéi d’Managerin vum Restaurant brutal iwwerfall gouf, fir d’Suen aus der Keess ze klauen.

Schreiwes

Communiqué du parquet de Luxembourg relatif à l’arrestation de trois personnes dans le cadre d’un vol dans un restaurant à Luxembourg-Kirchberg

(28.04.2022)

L’instruction judiciaire menée suite à la découverte d’un corps sans vie dans les sous-sols d’un restaurant situé avenue J.F. Kennedy à Luxembourg-Kirchberg le 17 avril 2022 a permis de dégager que le décès de la victime s’inscrit dans le cadre d’un vol.

Au cours du 28 avril 2022, la police judiciaire a procédé suite à des investigations et sur mandat du juge d’instruction à des perquisitions et avec l’appui de l’unité spéciale de la police à l’arrestation de trois personnes suspectées d’avoir participé à la commission du crime.

Le parquet tient à rappeler que toute personne visée par une enquête ou une procédure pénale est présumée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été reconnue par une décision définitive de la juridiction de fond compétente.

Back to Top
CIM LOGO