Uni.lu schafft mat Universitéit zu Wuhan zesummenIwwerliewensprognose bei Patiente mat schwéiere Covid-19-Infektiounen

RTL Lëtzebuerg
D'Resultater vun der Etüd goufen dann och elo an der Wëssenschaftszäitschrëft "Nature Machine Intelligence" publizéiert.

Op Grond vun enger laangjäreger Zesummenaarbecht mat der Universitéit fir Wëssenschaft an Technologie zu Wuhan, hunn d'Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg eng Etüd duerchgefouert, déi op Bluttprouwe vu chinesesche Covid-19-Patiente baséiert.

Si hunn hei Methoden entwéckelt, déi op maschinellem Léiere baséieren, fir da sougenannte "Biomarker" z'identifizéieren, déi mat der Gravitéit vun der Krankheet zesummenhänken.

D'Resultater vun der Etüd goufen dann och elo an der Wëssenschaftszäitschrëft "Nature Machine Intelligence" publizéiert. Dës Resultater hiewe virun allem 3 Parameteren ervir, mat deenen dann och kann eng Iwwerliewensprognos vun individuelle Patienten erstallt ka ginn, eng Prognos, déi bei enger Genauegkeet vun iwwer 90% kéint leien.

© uni.lu

Zu dëse Parametere gehéieren d'Konzentratioun vu Mëllechsaierdehydrogenas, héichempfindlech C-reaktivem Protein a Lymphozyten, déi am Blutt sinn.

Méi Detailer zu dësem Thema ginn et um Site vun der Universitéit Lëtzebuerg!

 

Back to Top
CIM LOGO