Am InterviewJean Asselborn: Lëtzebuerg géint Test-Kontrollen op de Land-Grenzen

RTL Lëtzebuerg
Leit op der Grenz ze kontrolléieren, ob se en negative Corona-Test dobäi hunn, wier dem Jean Asselborn no nach méi schlëmm, wéi reng Grenzkontrollen.
© AFP

De ganzen Interview mam Jean Asselborn

Däitschland plangt jo eng Testflicht fir Leit, déi areesen, egal ob do d'Leit aus Brasilien oder aus Lëtzebuerg kommen. E Mëttwoch de Moien hat de Jean Asselborn den däitsche Ambassadeur bei sech geruff, fir Erklärungen ze kréien.

Et kënnt net esou dacks vir, datt den Ausseminister den däitschen Ambassadeur aberifft, well dee sech och vill fir Lëtzebuerg agesat huet. "Ech hunn him awer gesot, datt mir net d'Accord si mat der Iddi, déi an Däitschland zirkuléiert, datt géif eng Testflich agefouert ginn, änlech wéi Brasilien an Ägypten, an net nëmme bei de Fluchhäfen, well dat ass jo och normal an dat akzeptéiere mir och, mä och op de Land-Grenzen. Dat heescht, datt zu Waasserbëlleg nees d'Polizei op der Autobunn steet a jidderee kann unhalen a da freet "ob hien en Test gemaach huet". A wann e kee gemaach huet, da wësse mer net, wat geschitt, dat gouf bis ewell jo nach net definéiert. Mä da kréie mir erëm Stau a kréie Schikanen. Mir si jo bis elo, méi schlecht wéi Recht, mat deem System, deen elo ass, gefuer: Duerchreese sinn ok, Frontalieren hu kee Problem an déi Leit, déi akafe ginn op Tréier, déi wëssen dat, datt si en Test, deen net méi al ass wéi 48 Stonnen, mussen dobäi hunn. Domadder si mer gutt gefuer."

De Jean Asselborn ass awer net domadder d'Accord, datt eng Testflicht net dat selwecht wier, wéi d'Grenzen zouzemaachen. "Wann eng Testflicht besteet, kann all Mënsch kontrolléiert ginn. Mir wësse mol net, ob d'Frontalieren eng Ausnam sinn. All Mënsch ka kontrolléiert ginn, esou wéi mir dat kannt hu vu Mäerz bis  de 15. Mee. Déi Däitsch, an do ginn ech hinnen total Recht, wëlle kontrolléieren, wat vun de Ballermänner erëmkënnt. Do hunn ech och guer kee Problem domadder. Au Contraire, dat fannen ech gutt. Mä mir dierfen do net méi e Kollateralschued op eise Bockel kréien. Mir hu mam Heiko Maas de 16.5 feierlech d'Grenz erëm opgemaach. An dat dierf net méi passéieren. An ech mengen, et ass och wichteg, elo, wou nach keng Decisioun geholl ginn ass, den Däitschen dat ze rappelléieren. Mir sinn e Land, mir si kee Schluechthaff, an ech mengen all Decisioun fir d'Grenzen de facto zouzemaachen, dat ass eng politesch Decisioun. Dat ass keng Decisioun, déi geholl ka gi vun engem Institut. An dofir géing ech mengen, mir sinn e klengt Land, e souveräänt Land, mir hu Respekt viru jidderengem, mä mir hoffen awer och, datt de Respekt vis-à-vis vun eis absolut och besteet, och vun Däitschland aus."

Den Däitschen Ambassadeur gëtt elo dat u Berlin weider, wat de Jean Asselborn him gesot huet. "Et geet net duer, dat déi däitsch Regierung eis elo seet "Mir maachen net erëm d'Grenzkontrollen". Wann d'Leit awer wéinst de Covid-Tester nees un der Grenz kënnen ugehale ginn, ass dat u sech méi, wéi Grenzkontrollen. Mir wëllen dat net. Et ass eng politesch Decisioun a mir hoffen, datt déi Leit, déi déi treffen, wëssen, datt si doduerch e Land enorm kënne schueden. Mir maachen iwwer 11.000 Tester op 100.000 Leit, déi Däitsch maachen der 500. Et wier net schlecht, wann an Däitschland géif den Zesummenhang vun den Zuele gekuckt ginn. Datt et net eleng duergeet, op déi blank Zuel 50 ze kucken, mä datt et do en Zesummenhang gëtt mat den Tester an deene Resultater, déi dobäi erauskommen. An do sti mer a verschiddenen Aspekter guer net esou schlecht."

Aktuell gëtt et awer keng Informatioun, datt weider Reesrestritkioune fir aner Länner op d'Lëtzebuerger géifen duerkommen, präziséiert nach den Ausseminister. "Mat der Belsch hu mer jo en Accord, deen der kennt, an a Frankräich ginn et keng Restriktiounen. An zu Bréissel si mer am gaangen ze kucken, datt déi Lëscht vun de Länner, déi drëtt Länner sinn, diskutéiert gëtt. Do si vill Länner drop, déi net an der EU sinn. Fir all Land ass do en Debat, well do huet all Land säin Interêt. Mä do hält sech Lëtzebuerg un déi Decisiounen, déi do getraff ginn."

De Communiqué

Pressemitteilung des Außenministeriums

Im Rahmen der in Deutschland beabsichtigten Einführung einer Testpflicht für Einreisende aus vom Robert-Koch-Institut erklärten Risikogebiete, hat Außenminister Jean Asselborn heute den deutschen Botschafter zu einem Gespräch empfangen.

Minister Asselborn hat bei dieser Gelegenheit betont, wie wichtig es sei, die vom Robert-Koch-Institut für Luxemburg angegebenen Zahlen in ihrem Kontext zu sehen.  Im Zeichen des Large Scale Testing erfasst Luxemburg viele asymptomatische Fälle, die andernfalls nicht ermittelt würden. Auch die fast 200.000 Grenzgänger werden systematisch zum Test in Luxemburg eingeladen.

Luxemburg ist im europäischen und im weltweiten Vergleich Spitzenreiter mit einer Testrate von über 12.000 Tests pro 100.000 Einwohner über einen Zeitraum von 7 Tagen. Luxemburg setzt auf eine gründliche und systematische Strategie, möglichst viele Fälle zu erfassen, Infektionsketten dank analogem Contact tracing nachzuverfolgen und zu durchbrechen. In diesem Zusammenhang wurde auch die vorbildliche Zusammenarbeit der Gesundheitsbehörden bei der grenzüberschreitenden Kontaktverfolgung hervorgehoben.

Außenminister Asselborn verlieh der Hoffnung Ausdruck, dass die deutsche Bundesregierung die Besonderheiten der Situation in Luxemburg bei ihrer Einschätzung berücksichtigen werde. „Wir müssen diese Krise gemeinsam bewältigen und eine weitere Beeinträchtigung der grenzüberschreitenden Bewegungsfreiheit in der Grenzregion vermeiden“ unterstrich Minister Asselborn.

„Wir haben viel Verständnis für die Bemühungen Deutschlands in der Pandemiebekämpfung. Allerdings sollten wir verhindern, dass dadurch die Schengenerrungenschaften und der Geist der Großregion auf längere Zeit Schaden annehmen, dies insbesondere nach dem 16. Mai als Bundesaußenminister Heiko Maas und meine Wenigkeit zusammen in Schengen die damaligen Grenzeinschränkungen feierlich für beendet erklärt hatten.“

LINK

Back to Top
CIM LOGO