ManternachJean-Pierre Pol Hoffmann bleift Buergermeeschter
RTL Lëtzebuerg
An der Majorzgemeng Manternach huet ee sech op een neie Schäfferot gëeenegt. De Jean-Pierre Pol dit Jempy Hoffmann bleift Buergermeeschter.
Update: 14.06.2023 20:27
1. Schäffe gëtt den Zweetgewielte Claude Theisen an 2. Schäffin déi Drëttgewielten Alix Ungeheuer épouse Klein. Si haten dës Posten och schonn an der viregter Legislaturperiod.