Zu Lëtzebuerg falen all Joer 8 Milliounen Tonne Buedem u wa gebaut gëtt. Wie vill baut wéi am Grand-Duché, dee muss also och dee Buedem iergendwéi lass ginn, iergendwou deponéieren, dat seet de Groupement des entrepreneurs. D'Vertrieder vun de Bauentreprisen nennen dowéinst d'Decisioun vun de Gemengen Déifferdeng a Suessem, fir keng nei Deponie bei sech um Territoire z'accordéieren, onveranwortlech. Well haut feelt et schonn akut u Bauschuttdeponien am Land, sot eisen Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien, de Joël Schons, administrateur am Groupement des entrepreneurs.
D'Resultater vun enger Etüd, déi am Optrag vum Ëmweltministère gemaach gouf, wou nei Bauschuttdeponien installéiert kéinte ginn, krut de Groupement des entrepreneurs bis haut nach net gewisen, huet de Joël Schons bedauert. D'Sitten, déi a Fro kéimen, kennt een also mol net.
Vill Sputt fir méi Buedem op der Plaz vun engem Chantier vun engem Eefamilljenhaus zum Beispill ze recycléieren, gesäit eisen Invité net. De Groupement des entrepreneurs krut gerode keng Kellere méi ze bauen, ma vill Bautereglementer géifen engem et awer och net erlaben méi an d'Héicht ze goen. Ënnert deene Konditiounen géif et kee Sputt méi.
Zum presuméierte Sozialkonflikt, iwwert deen OGBL an LCGB en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz wëlle schwätzen, huet de Vetrieder vum Groupement des entrepreneurs just gemengt, d'Patronat hätt de Gewerkschaften an de Kollektivvertragsverhandlungen, Zitat "eng extrem substantiell gutt Offer" gemaach. D'Patronat hält nach ëmmer un hirer Grond-Iddi vu flexibelen Aarbechtszäite fest. Datt Mataarbechter, op fräiwëlleger Basis da méi schaffe kéinten, wann d'Wieder gutt ass a manner wann et schlecht ass. Dowéinst haten d'Gewerkschafte viru 5 Joer awer schonn mat Streik gedreet.
Invité vun der Redaktioun um Donneschdeg de Moie war den Administrateur vum Groupement des entrepreneurs.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.