Piquet vu Friddens- a SolidaritéitsplattformJonk Leit maache sech Suergen ëm d'Zukunft

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
Ënnert dem Slogan: Kee Krich an Europa, huet Friddens- a Solidaritéitsplattform e Freideg de Mëtten um 12 Auer op hire Piquet geruff.
Piquet vu Friddens- a Solidaritéitsplattform
Ënnert dem Slogan: Kee Krich an Europa, huet Friddens- a Solidaritéitsplattform de Mëtten um 12 Auer op hirer Piquet geruff.

Piquet Friddensplattform - Reportage vum Diana Hoffmann

Eng 50 Leit waren dem Opruff nokomm. Politiker an engagéiert Leit aus der Zivilgesellschaft waren unzetreffen, ma och e puer Leit déi Famill an der Ukrain hunn, waren do. Wéi och schonn en Donneschdeg, hu sech Leit op der Place Clairefontaine an der Stad versammelt. Virun der Statue vun der Groussherzogin Charlotte, déi als Symbol fir d’Eenheet vum Lëtzebuerger Vollek steet. Eng Eenheet, déi een sech elo am Numm vun der Mënschlechkeet wënscht. “Non à la guerre, non a la violence” steet op engem Banner. D’Uno wier als Mëttel gegrënnt ginn, fir esou Konflikter unzegoen, mengt ee Claude Simon vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform. Mee elo wier d’UNO total isoléiert. Et misst een zréck goen, op déi Moyennen déi an der Vergaangenheet gewierkt hätten. “Fir datt dee Krich, deen elo ugefaangen huet, encadréiert gëtt, an sou séier wéi méiglech ophält. Dat mer nees un de Verhandlungsdësch kommen”, betount de Claude Simon.

Dialog anstatt Waffe wënscht sech vill Leit. Ma d’Angscht a Verzweiwlung si grouss. E jonke Mann, Brice heescht ass opbruecht no der Ried. Seng Generatioun misst schonn ënnert de Suitte vum Klimawandel leiden, a lo hätt een nach e Krich um Kontinent. A wat gëtt ënnerholl, freet hien? Et wier immens geféierlech wat grad geschitt, an hie kéint net einfach d’Hänn an de Schouss leen, seet hien. Hien gleeft net drun, datt d’Regierungen eppes wäerte maachen. An engem Krich wier et och net d’Regierungen déi sech géingen un der Front erëmfannen, mee d’Leit. “Et sinn also d’Leit déi mussen an de Krich goen, an dat ass meng Generatioun”, gëtt de Jonke Mann ze denken.

Roueg huet dat ganzt e klenge Grupp vun 3 Schüler e bëssi aus der Distanz suivéiert. Ee vun hinnen huet en Ukrain Schal ëmhänken. Och si kucke mat Suergen an d’Zukunft. D’Situatioun an der Ukrain kennen si gutt, sou och de Maxim. Wärend der Annexioun vun der Krim 2014 ass dem Maxim seng Famill op Lëtzebuerg geflücht. Seng Elteren hunn sech deemools scho Suerge gemaach, datt dat wat grad an der Ukrain géing passéieren, deemools scho géing passéieren. All Ukrainer waren sech bewosst, datt dee Risk ëmmer do wier, seet hien. Seng Grousselteren hunn sech elo probéiert am Keller a Sécherheet ze bréngen.

Och d’Mila huet Famill an der Ukrain a gëtt vun do iwwert d’Situatioun informéiert. « Et si Leit déi sëtzen an hirem Keller mat Waffen. Si kënnen sech net wieren, a keen huet erwaart, datt dat alles geschitt», seet di jonk Fra. Virun allem net esou séier. Mat deenen 2 ass och den Theo op de Piquet komm. Fir de jonke Schwed ass dëst eng Selbstverständlechkeet. “Mir sollten all zesummestoen an zesumme kämpfen. Ech hunn net gär, wat Amerika an d’NATO mécht. Amerika seet: Ok, mir huelen iech zréck wann der geholl gitt. Mee éierlech gesot, ech hunn nach näischt gesinn, wat Amerika gemaach huet, ausser ze schwätzen”, seet den Theo. De jonke Mann fënnt, d’Amerika géing net genuch maache fir ze hëllefen. Sai Kolleeg de Maxim ënnersträicht awer och nach, datt hie versteet, datt Europa an Amerika sech net einfach esou kéinten amëschen.

Op de Piquet sinn di jonk Leit da komm, well se wëllen e Bewosstsinn fir d’Situatioun vun der Bevëlkerung schafen, an well et eben schwéier ass, einfach nëmmen nozekucken.

Back to Top
CIM LOGO