
Datt et Upassunge soll ginn, doriwwer schénge sech d’Parteien eens ze sinn, wéi déi genee sollen ausgesinn, do ginn d’Meenungen awer auserneen. D’lescht Joer goufen déi 7 Parteien, déi am Parlament vertruede sinn, an engem Bréif vum Chamberpresident Claude Wiseler opgefuerdert, bis den 1. November hir Proposë fir eng Ännerung vum Walgesetz eranzeginn. Ma keng vun de Fraktioune respektiv politesche Sensibilitéiten huet dat gemaach. Den Delai gouf dowéinst bis den 1. Februar verlängert. De Mëttwoch hunn d’Piraten als éischt Partei hir Virschléi der Ëffentlechkeet presentéiert.
Op 10 grousse Punkte gesäit ee beim Walgesetz Loft no uewen. Dozou gehéiert de Walalter. Wann et de Piraten no geet, solle Jonker scho vu 16 Joer un dat aktiivt a passiivt Walrecht kréien. Et soll fir si awer keng Walflicht ginn. Déi Leit, déi sech net un d’Walflicht halen, sollen iwwerdeems als Strof Sozialstonne leeschte mussen. Aktuell gesäit d’Gesetz Geldstrofe vir, ma zanter 1974 gëtt een awer de Facto net méi poursuivéiert, wann een net wiele geet. Iwwert d’Auslännerwalrecht hätt ee kontrovers diskutéiert. Am Prinzip wier een dofir, mee well een och fir eng Participatioun vun de Bierger wier, géing een d’Resultat vum Referendum aus dem Joer 2015, an deem sech ronn 80 Prozent vun de Walberechtegten dogéint ausgeschwat hunn, respektéieren. Dem Conseiller politique Tommy Klein no wéilt een awer op mannst erreechen, datt méi Auslänner bei de Gemengewale matmaachen. Dofir ass et d’Propose:
“Datt den auslännesche Matbierger mat sengem Stot bei der Aschreiwung op enger Gemeng automatesch mat op d’Wielerlëscht ageschriwwe gëtt. Déi betraffe Leit hätten da bis 90 Deeg virun de Walen an engem Opt-out-System d’Méiglechkeet, sech och rëm auszeschreiwen. Mee d’office wär ee bei der Aschreiwung op der Gemeng agedroen.”
D’Piraten plädéieren och dofir, datt d’Gemengewalen an Zukunft all 5 an net wéi elo all 6 Joer organiséiert ginn, et sief se géingen an dat selwecht Joer wéi d’Chamberwale falen. Duerch een Eropsetze vum Congé politique vun Deputéierten, Buergermeeschteren a Schäffen op 40 Stonne pro Woch sollen iwwerdeems Duebelmandater onméiglech gemaach ginn. Fir datt déi lokal Stëmm trotzdeem weider um nationalen Niveau gehéiert gëtt, kéint ee sech d’Schafe vun enger zweeter Kummer nieft der Chamber virstellen. Wat d’Walbezierker ugeet, sou wieren den Norden an den Osten aktuell mat 9 respektiv 7 Deputéierten ënnerrepresentéiert. D’Propose vun de Pirate goufe vun der Partei ausgeschafft, déi zwee Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen ware bei der Presentatioun net dobäi.