
Bedéngt duerch d’Corona-Kris natierlech, misst een des Abouss verbuchen, gëtt de CEO Thomas Rabe an engem Communiqué vun en Donneschdeg de Moien zitéiert. D'Publicitéitsrecettë si besonnesch tëscht Abrëll a Juni däitlech ëm 40% agebrach. Ënnert dem Stréch bleift e Gewënn vun 156 Milliounen fir déi éischt 6 Méint vun dësem Joer. Dat sinn der 287 Millioune manner wéi nach zejoert.
E Plus vun iwwer 45% gouf et awer beispillsweis bei der Streaming-Offer an Däitschland an an Holland, op 1,77 Milliounen Abonnenten. Positiv notéiert RTL Group och wéi vill méi Leit am Lockdown d’Noriichteformater an och verschidden Entertainment-Formater consomméiert hunn.
Nodeems d'Publicitéitsrecetten coronabedéngt massiv zeréckgaange sinn, geet d'Mammenhaus vun RTL Lëtzebuerg dovunner aus, datt sech d'Situatioun um Marché bis Enn des Joers berouegt. Den Ament gëtt mat engem Minus vun 10% am drëtten Trimester gerechent, par Rapport zum Joer virdrun. Fir déi 3 lescht Méint vum Joer wëll RTL Group keng Previsiounen maachen. Et wier den Ament net méiglech virauszesoen, wéi sech d'Situatioun bis dohinner weider entwéckelt. Fir de Mediekonzern steet awer fest, datt d'Joresresultat däitlech ënnert deem vun 2019 an de Jore virdru läit.