
De Groussdeel vun de jonken EU-Bierger uechter d’Unioun - 64 Prozent, fir genee ze sinn - huet an enger rezenter Eurobarometer-Ëmfro uginn, eligibel ze sinn a bei den EU-Walen hir Stëmm ofginn ze wëllen. 13 Prozent hunn dogéint gesot, den 9. Juni net wiele goen ze wëllen. De gréissten Interessi schéngt et der Ëmfro no bei de Jonken a Rumänien (78%) an a Portugal (77%) ze ginn.
Bei der Ëmfro “Youth and Democracy”, déi jonk Leit tëscht 15 an 30 Joer viséiert huet, stécht Lëtzebuerg besonnesch ervir. Obwuel Lëtzebuerg ee vun de véier institutionelle Sëtz vun der EU ass, hunn am Grand Duché just 41 Prozent vun de Jonke gesot, datt si eligibel sinn an hir Stëmm an den EU-Walen dëst Joer och wëllen ofginn. Domat ass Lëtzebuerg d’Schlussliicht ënnert den EU-Länner. Op zweetleschter Plaz kënnt Lettland mat 46 Prozent.

Obwuel et zu Lëtzebuerg d’Walflicht gëtt, déi och fir d’Europawale gëllt, hu 25 Prozent vun de walberechtegte Jonken ausgesot, net wiele goen ze wëllen. Méi héich louch dësen Taux mat 31 Prozent just op Malta. An der Belsch, wou et och d’Walflicht gëtt, hunn dogéint just 12 Prozent gesot, datt si trotz Eligibilitéit hir Stëmm net wäerten ofginn.
Gläichzäiteg hunn zu Lëtzebuerg mat 22 Prozent am EU-Verglach och bei wäitem déi meeschte jonk Leit ausgesot, an den EU-Walen net wielen ze dierfen.
Bei der Fro, ob een am leschte Joer op iergendeng Manéier probéiert hätt, d’Gesellschaft ze änneren - zum Beispill duerch d’Ënnerschreiwe vun enger Petitioun oder d’Participatioun un enger Demo - kënnt Lëtzebuerg am EU-Verglach mat 33 Prozent op déi zweetleschte Plaz. Just op Zypern hu mat 31 Prozent nach manner jonk Leit probéiert, aktiv um gesellschaftleche Changement deelzehuelen. Kloer iwwert dem EU-Schnëtt vun 48 Prozent läit och hei op der éischter Plaz Rumänien mat 57 Prozent, virun Irland op der zweeter Plaz (54%).
Weider Informatiounen zu der Astellung vun de jonke Leit zu Lëtzebuerg vis-à-vis vun der EU fannt Dir hei: