Kanadesche Verdeedegungsminister zu LëtzebuergKanada wëll "Relatiounen ausbauen, wann et ëm d'Verdeedegung geet"

Fanny Kinsch
Et war déi éischt Visitt vun engem kanadesche Regierungsmember an 81 Joer diplomatesche Relatiounen.
Den 19. Juni 2026 war den David McGuinty op offizieller Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.
Den 19. Juni 2026 war den David McGuinty op offizieller Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.
© MAE

Kanadeschen Verdeedegungsminister zu Lëtzebuerg / Reportage Fanny Kinsch

D'Leit a Kanada an zu Lëtzebuerg géinge verstoen, dass Investissementer an d'Verdeedegung misste gemaach ginn. Dat soten d'Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an hire kanadeschen Homolog David McGuinty e Freideg de Mëtteg virun der Press.

Kanada wéilt seng Relatioune mat zouverlässege Partner stäerken, esou den David McGuinty, iwwert seng Visitt am Grand-Duché. Dat virum Hannergrond vun den Tensioune mat den USA. "Mir wäerte weider eng ganz staark Relatioun mat eisem südlechen Noper hunn. Mä mir wäerten eis Relatiounen ausbauen, virun allem wann et ëm d'Verdeedegung geet, zum Beispill, d'Uschafen an d'Produktioun vu militäreschem Material. Mir wëlle mat gläichgesënnte Länner schaffen."

Dozou, datt d'Gespréicher tëschent den USA an dem Iran fir en definitive Friddensaccord verluecht goufen, sot de kanadesche Verdeedegungsminister, hie géing hoffnungsvoll bleiwen.“Et ass eng komplizéiert, komplizéiert Situatioun. Et ass schwéier, konkret Informatiounen ze kréien. Haut sollt den Dag sinn, un deem d'Ofkomme sollt ënnerschriwwe ginn a gedeelt ginn, mat Detailer, déi sollten nokommen. E kuerzt Dokument. Ech bleiwen hoffnungsvoll. Ech mengen, dat ass dat eenzegt, wat ee ka maachen.”

De fréieren EU-Kommissiounspresident a fréiere Lëtzebuerger Staatsminister Jean-Claude Juncker sot d'lescht Woch hei op der Antenn, datt hien erstaunt wier iwwert d'Selbstverständlechkeet, mat där haut iwwer ganz staark Haussë vum Defensebudget geschwat gëtt.

D'DP-Verdeedegungsministesch Yuriko Backes sot dozou, si géing mengen, datt d'Leit verstinn, datt déi Investissementer néideg sinn. “D'Konsequenz vun deem, wat mer elo gesinn, op eisem Kontinent ass awer méiglecherweis och, well mir trotzdeem net an eis Verdeedegung, national a kollektiv Verdeedegung investéiert hunn. An ech mengen, datt d'Leit awer och ganz gutt verstinn, datt d'Amerikaner net esou wäerte weiderfueren, fir eis ze protegéieren, wéi se dat an de leschte Joerzéngte gemaach hunn. An dat soe se och ganz kloer. Esou dass mir am Fong och guer kee Choix hunn. Wa mir wëlle Fridden op eisem Kontinent hunn, da musse mir sécher sinn, dass mir eis selwer kënne verdeedegen."

D'Investissementer wieren néideg wéinst der Situatioun an der Ukrain, wou all Mount tëschent 30 a 35.000 Leit géinge stierwen, esou de kanadeschen Verdeedegungsminister McGuinty, awer och wéinst deem wat an der Zukunft komme kéint. “Cyber-Kampagnen. Feelverhale vu Russland, dat mer an den Nopeschstaate ronderëm d'Ukrain gesinn. Et gëtt vill hannerhälteg geschafft a mir sinn eis deem bewosst.”

Kanada huet dëst Joer am Mäerz d'NATO-Zil vun 2 Prozent vum PIB fir d'Verdeedegung erreecht. Bis 2035 soll dee Budget an den NATO-Länner weider op 5 Prozent wuessen.

Back to Top
CIM LOGO