
Besonnesch betraff sinn déi ganz Kleng. Ëmmer erëm komme Kanner dann och krank an d'Crèchen. Wéi ginn d'Institutiounen mat där Situatioun ëm a wisou si Kanner sou ufälleg? Virun allem awer, wat ginn et fir Alternativen, wa sech d'Elteren eben net kënne fräihuelen? Grad elo sinn jo nees vill Virusinfektiounen ënnerwee.