CCDHKanner sollen e Recht drop hunn, Informatiounen iwwer hir Originnen ze kréien

Annick Goerens
"Wou kommen ech hier?" Iergendwann stellt all Kand déi Fro an net ëmmer ass d'Äntwert esou einfach.
© RTL Archiv

CCDH Avis PdL Originnen / Rep.: Annick Goerens

Besonnesch wann d’Kand duerch eng kënschtlech Befruchtung mat Spenderzellen entstanen ass oder adoptéiert gouf. E Gesetz soll awer an Zukunft op d’mannst garantéieren, dass Kanner e Recht drop hunn, gewuer ze ginn, wat hir Originne sinn. De Gesetzprojet 7674 ass an der Maach an d’CCDH, déi consultativ Mënscherechtskommissioun huet um Dënschdegmoien hiren Avis doriwwer presentéiert.

Eng “Leihmutterschaft”, een Accouchement sous secret, eng Adoptioun oder einfach eng PMA, also eng kënschtlech Befruchtung mat engem anonymme Som-Spender. Et gi vill Fäll an deenen d’Kand seng Originnen net kennt a fir d’Elteren ass dat dacks och eng Erausfuerderung, erkläert de President vun der CCDH de Gilbert Pregno.
Wat soen? Wéi soen? Näischt soen, ass keng Alternativ. Ze vill soen oder falsch Informatioune soen, déi net dem Alter entspriechen, ass och eng grouss Schwieregkeet. Dëse Projet de loi setzt d’Bedürfnis vum Kand an de Mëttelpunkt. E Kand huet d’Recht en Zougang ze hunn zu sengen Originnen”

Allgemeng begréisst d’CCDH dëse Gesetzprojet ma op e puer Punkte misst nogebessert ginn. Zum Beispill misst bei der delikater Fro vum Accouchement sous secret e besseren Equiliber fonnt ginn tëscht de Rechter vum Kand an de Rechter vun der Fra, erkläert de Jurist Max Mousel.

De Projet de loi huet versicht esou een Equiliber ze fannen, schéngt awer nach ëmmer den Interêt vun der Persoun, déi accouchéiert méi ze berécksiichtegen, well d’Persoun, déi een Accouchement sous secret mécht, déi gëtt opgekläert an invitéiert, dass se Donnéeën hannerloosse soll oder kann. Mä wa se dat eben net wëll, dann ass se och guer net obligéiert eppes z’hannerloossen. Duerno kann et sinn, dass d’Kand also guer keng Donnéeën hätt.”

Op der anerer Säit wéisst een natierlech, dass et och keng Léisung ass déi Fraen ze forcéieren, hir Donnéeën ze hannerloossen. Donieft huet ee sech an der Mënscherechtskommissioun d’Fro gestallt, firwat een eréischt vun 18 Joer un dierf méi iwwer seng Identitéit gewuer ginn.

Mir begréissen, dass et theoretesch mol méiglech ass, dass et och Exceptioune ginn, dass een och scho virun 18 Joer kann Accès op déi Originnen hunn, wat fir eis wichteg ass. Mee mir froen eis, ob dat a verschiddene Situatiounen net éischter theoretesch bleift. Firwat? Well éischtens d’Prozedur, déi do virgesinn ass, fir bei de Riichter ze goen, ass net wierklech präziséiert. Zweete Punkt ass och nach, dass et bei der PMA, am Fall, wou esou eng Spermabank d’Identitéit eréischt ab 18 Joer fräigëtt. Do ass virgesinn, dass een da just d’Dossiersnummer kritt, mat där een dann awer eréischt ab 18 Joer bei der Bank d’Identitéit ka gewuer ginn. Dat läit den Ament dorunner, dass Lëtzebuerg haaptsächlech mat enger dänescher Som-Bank zesummeschafft. Allgemeng stelle mer eis och nach d’Fro, firwat à la base den Alter vun 18 Joer ugepeilt gouf. Vue dass a verschiddenen anere Beräicher d’Kanner eleng déi Aktioune maache kënnen.”

Et wier wichteg, dass de Gesetzprojet ëmsetzbar ass. Dofir missten d’Elteren an d’Kanner och sensibiliséiert an opgekläert ginn an och all d’Acteuren, déi an dem Feld schaffen. Et wier wichteg, dass een an der Gesellschaft wéisst, dass esou eng Méiglechkeet besteet an et wier och wichteg, fir domat ze weisen, wéi divers Familljen opgebaut sinn an domat z’enttabuiséieren, esou nach de Max Mousel, Jurist vun der CCDH.

Back to Top
CIM LOGO