Déi Kéier wieren 92 Mataarbechter zu Osnabrück an Niedersachsen positiv op Covid-19 getest ginn an als Konsequenz wier d’Schluechthaus vum nächste Méindeg un zou.
Schold wier de Fait, dass d’Personal an de Schluechtbetriber virun allem aus Osteuropa kéim an a mënschenonwierdege Konditiounen, dat heescht enk openee misst zesummewunnen a sech géigesäiteg géif ustiechen, sou d’Medien.
D’Diskussioun ronderëm d’Covid19-Infektiounen an däitsche Schluechthaiser werft natierlech d’Fro, no der Situatioun hei zu Lëtzebuerg op. D'Direktioun vum Ettelbrécker Schluechthaus präziséiert, dass et e puer wéineg Fäll an der Administratioun gouf. Zanter engem Mount wier awer keen neie Fall méi bäikoum. An der Produktioun hätt ee keen eenzege Corona-Fall gehat. Dat wier hirer séierer Reaktioun beim Kaf vu Masken an dem Anhale vu strengen Hygiènescritèren ze verdanken, erkläert den Direkter Claude Graff, dee confirméiert, dass Däitschland effektiv an hirer Branche, dat schwaarzt Schof wier.
D'Aarbechter an Däitschland kéime gréisstendeels aus Osteuropa a wunnen an Däitschland quasi a Kasären, sou de Claude Graff. Eng Situatioun, wéi et se am Rescht vun Europa net gëtt. Dat erméiglecht et, hir Saachen zu Dumpingspräisser ze verkafen. Hei am Land géif et dat net ginn, präziséiert e Claude Graff. Hei am Land géing ee bis zu 200 Leit beschäftegen, dovu wieren der eng 100 Residanten, déi aner sinn aus der Groussregioun.
Donieft géingen am Ettelbrécker Schluechthaus zwee Rumäne schaffen a 5 Leit aus Polen. Dës stéingen awer an engem reegelméissegen Aarbechtsverhältnis a wieren net a mënschenonwierdege Konditioune logéiert, sou nach den Direkter vum Ettelbrécker Schluechthaus.
