
E Samschdeg de Moie gouf vun der Santé matgedeelt, dass op zwou Plazen an der Gemeng Réiser Populatioune vun der Tiger-Mustik fonnt goufen. De Klimawandel verbessert nämlech d’Liewensbedingungen am Allgemenge vun Mustiken, Bëschzecken a Kompanie. Elo stellt sech d’Fro, ob an Zukunft nach méi där Insekten duerch d’Klimakris de Wee an de Grand-Duché fannen.
Waarm a fiicht, esou huet déi asiatesch Tiger-Mustik et gär. Duerch de Klimawandel, d’Globaliséierung, de Commerce an de weltwäiten Transport ass déi asiatesch Tiger-Mustik iwwer Ëmweeër hei zu Lëtzebuerg gelant. Se koum an de 70er Joren eng éischte Kéier aus Südostasien als “blanne Passagéier” iwwert den Handel an Europa. Fiert d’éischt an der Géigend vum Mëttelmier, duerno an Däitschland a spéitstens zanter e Samschdeg och hei am Land. Virop duerch de Klimawandel an déi méi waarm Temperature verbreet sech déi asiatesch Tiger-Mustik och ëmmer méi a méi kale Regiounen an Europa.
Den Etienne Ehmann, Coordinateur vun der Santé: “Firwat hu mir déi elo fonnt, ma well mer dëst Joer ugefaangen hunn no sou Mustiken ze sichen, an dat an engem Kontext vun engem Projet, dee mir schonn iwwer Joren elo mam Naturmusée zesumme lafen haten, wou et drëms gaangen ass eng Kaart opzestellen, fir ze kucken, wat eventuell vun exoteschen Déieren hei am Land existéieren, an déi kéinten eng potentiell Gefor fir d’Santé public iergendwann duerstellen.”
Et wéilt een net direkt soen, wou een Tiger-Mustiken fonnt huet, fir keng Panik auszeléisen. D’Leit aus der Géigend, déi direkt betraff wieren, géifen awer informéiert ginn. Déi asiatesch Tiger-Mustik kann nämlech geféierlech Krankheete wéi den Dengue-, Zika- oder och den Chikungunya-Virus iwwerdroen.
Eng wierklech Gefor fir de Mënsch besteet den Ament awer nach net, esou den Etienne Ehmann: “Mir hunn absolut keen Unhaltspunkt, deen eis kéint drop schléisse loossen, dass déi Krankheeten, déi déi Mustik kann iwwerdroen, och present sinn. Fir dass déi Krankheete kéinten iwwerdroe ginn, misst d’Mustik nämlech fir d’éischt eng Persoun picken, déi un där Krankheet erkrankt ass, an duerno eng aner Persoun picken, déi déi Krankheet da géif iwwerdroe kréien. An do si mir am Moment definitiv nach net.”
Déi asiatesch Tiger-Méck sicht, anescht wéi déi normal Mustiken, kleng kënschtlech a roueg Gewässer, fir hir Eeër ze leeën. Ee Wéier, e klenge Pull oder eng Géisskan mat e bësse Waasser ginn duer. Se sinn am Dag aktiv, maache kee Kaméidi a beweege sech no der Gebuert awer an engem zimmlech klenge Radius/Ëmfeld. Nieft der Tiger-Méck géifen et awer nach aner invasiv Déierenaarten zu Lëtzebuerg ginn.
“Also mir hunn eng ganz Rei Déieren an och Planzenzorten, déi sech hei a Lëtzebuerg lues a lues etabléieren. Gott säi Dank fir eis elo just aus dem Aspekt Santé eraus, sinn do keng Aarten dobäi, déi eis elo grouss Suerge maachen. Gesondheetlech kéint ech villäicht ervirruffen de Riesenbärenklau, dat ass eng Planz, déi kann zu Verbrennunge féieren op der Haut. Aner invasiv Aarte sinn: mir hunn de Wäschbier, mir hunn d’Nilgänsen, mir hunn d’Moufflonen, mir hu verschidde Kriibsaarten, mir hunn eng Zort Séisswaasser-Jelliskäpp, déi awer net geféierlech ass virun 2 Joer am Stauséi entdeckt.”
Wat de gesondheetlechen Aspekt ugeet, wieren déi invasiv Aarte fir de Mënsch an éischter Linn net geféierlech, éischter fir den Ökosystem, esou d’Monique Kirsch, Chargée d’études vun der Zoologie am Naturmusée.
“Bei den Invasivaarten ass et soit, se bréngen eng Krankheet mat an eis einheimech Aart stierft doduercher, oder dass se Fudder iessen, wat och déi selwecht einheimech Aart ësst, an dann ass kee Fudder méi do an da stierwe se aus. Dat sinn halt ebe Problemer vun deenen invasiven Aarten oder Planzen, déi Iwwerhand huelen, an déi anerer verdrängen, dat ass och de Problem dann.”
Fir sech vun der asiatescher Tiger-Mustik ze schützen, soll ee kleng Waasserquellen am Gaart a ronderëm d’Haus reegelméisseg ausschëdden. Hei fënnt een nämlech gären d’Eeër vun der Mustik, déi resistent géint Temperature sinn a sech gutt upasse kënnen.