CFL-Aarbechte wärend der PäischtvakanzKeng Zich tëscht der Stad an Ettelbréck, respektiv Arel

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem Samschdeg, 23. Mee an dem Sonndeg 31. Mee inclus, wäerten d'CFL op zwou Zuchlinne schaffen, sou datt do keng Zich wäerte fueren.
Wärend der Päischtvakanz fueren op zwou Strecke keng Zich
© CFL

D'CFL profitéiere vun der Päischtvakanz, fir op zwou Zuchstrecken Modernisatiouns- a Maintenanceaarbechten duerchzeféieren. Den Zuchtrafic wäert tëscht dem Samschdeg, 23. Mee an dem Sonndeg, 31. Mee inclus op dësen zwou Strecken ënnerbrach sinn:

Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gouvy:
Et wäerte keng Zich zirkuléieren tëscht der Stad Lëtzebuerg an Ettelbréck, respektiv tëscht der Stad Lëtzebuerg an Dikrech

Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel:
Et wäerte keng Zich zirkuléieren tëscht der Stad Lëtzebuerg an Arel

Donieft informéieren d'CFL, datt d'Zich tëscht der Stad Lëtzebuerg a Beetebuerg normal wäerte fuere wärend der Päischtvakanz. Een annoncéierte Chantier ass duerch eng Reorganisatioun vun den Aarbechten annuléiert ginn.

Fir den Transport vun hire Clienten z'assuréieren, setzen d'CFL Busser an. Do wier mat 10 bis 15 zousätzleche Minutte pro Trajet ze rechnen, sou d'CFL an engem Communiqué.

Den Detail vun den Offere steet an der neier App CFL go, op cfl.lu an op mobilitéit.lu

Communiqué: CFL Chantieren an der Päischtvakanz

Back to Top
CIM LOGO