
Den Donald Trump sot, d’Decisioun wier op Ufro vun de Cheffe vu Qatar, Saudi-Arabien an den Vereenegten Arabeschen Emirater geholl ginn.
No Aussoe vum Trump géifen et aktuell "seriö Verhandlungen" tëscht de Parteie ginn. Hien huet behaapt, datt en Accord méiglech wier, deen och fir d’USA akzeptabel wier. Dobäi huet hien nach eng Kéier betount, datt den Iran keng Atomwaffe dierft hunn.
Gläichzäiteg huet den Trump gewarnt, datt d’US-Militär bereet wier, zu all Moment eng grouss Attack géint den Iran duerchzeféieren, falls keng Eenegung fonnt gëtt.
Vum Iran gouf et bis elo nach keng offiziell Reaktioun op dës Aussoen.
