Politesch ReaktiounenVill Kritik vun der Oppositioun, Majoritéit verdeedegt de Premier

Michèle Sinner
Pierre Weimerskirch
No der Deklaratioun vum Premier Luc Frieden hunn d’Deputéiert op d’Ried reagéiert. Wärend d’Oppositioun haart Kritik äussert, schwätzt d’Majoritéit vun enger realistescher a fairer Analys.
De Gilles Baum (DP) an de Laurent Zeimet (CSV) kuerz virun der Ried vum Premierminister an der Chamber.
© Domingos Oliveira

D’Sam Tanson vun déi Gréng war esou virun der annoncéierter Tripartite net verwonnert, datt quasi keng nei Ukënnegunge komm sinn. Si huet betount, datt d’Ried “e bësse laanscht d’Realitéit am Land“ gaange wier. Virun allem hätt si d’Thema vun de Staatsfinanzen an de Jugendchômage vermësst. Och eng kloer Perspektiv fir déi nächst Generatiounen hätt gefeelt.

Sam Tanson, Déi Gréng

"Et ass ganz kuerz iwwert de Chômage geschwat ginn. Mir hunn am Moment ee Jonken ënner 25 op 5, deen eng Aarbecht sicht. Dat ass eng enorm héich Zuel, déi alarmant ass."
Sam Tanson, Déi Gréng

Wunnengskris als gréisste Chantier

De Laurent Zeimet vun der CSV huet dogéint gesot, de Premier hätt eng “realistesch an och éierlech“ Analys gemaach. Hie sot, et wier net d’Ried vum Budget gewiescht, mee eng Ried iwwer déi wirtschaftlech a sozial Situatioun vum Land. De Laurent Zeimet huet virun allem d’Moossname fir de Logement gelueft, ënner anerem d'Iwwerpréiwung vum VEFA-Gesetz an de Plang, den abordabele Wunnengsbau besser ofzesécheren. Fir hie bleift d’Wunnengskris de gréisste Chantier.

"En huet eng realistesch Situatioun beschriwwen, och eng éierlech. An et ass jo net hei d'Theema vum Budget. Dat kënnt jo nach am Hierscht wäerte mer eis mam Budget a mat der finanzieller Situatioun erëm am Detail beschäftegen."
Laurent Zeimet, CSV

Laurent Zeimet, CSV

Och de Gilles Baum vun der DP huet d’Ried verdeedegt. Fir hie war et och richteg, den internationale Kontext mat an d’Analys eranzehuelen. Hie gesäit besonnesch am Wunnengsbau eng Rei Mesuren, déi elo musse weidergedriwwe ginn.

"Wann eng Kris am Logement ass, dann ass et jo net nëmmen de Mann, deen de Plang zeechent an den Architekt, mee si hinnen alleguerten déi déi hannendrun hänken [...] de Staat ka jo net alles hei maachen, mee de Staat kann awer Suen an de Grapp huele fir de Secteur ze stäipen an déi Annoncen, déi jo de Mëtte gemaach gi sinn, ass, dass mer do nach wëlle wierklech Efforte maachen."
Gilles Baum, DP

Wéineg konkret Léisungen, esou d’Oppositiounsparteien

Den David Wagner vun Déi Lénk sot, dass een den Androck hat, datt de Premier déi selwecht Ried wéi virun engem Joer gehalen huet. Beim Logement géif ee kee richtege Plang erkennen.

"Ech hu mer näischt anescht erwaart, well vum Logementsminister koum bis elo och net ze vill méi.
David Wagner, Déi Lénk

Och d’Taina Bofferding vun der LSAP ass mat der Ried haart an d’Geriicht gaangen. Fir si huet de Premier ze vill op dat verwisen, wat seng Regierung schonn ëmgesat hätt oder nach am Koalitiounsprogramm steet. Si huet bedauert, datt d’Wunnengskris zwar ugeschwat, awer net als Kris unerkannt ginn ass.

"En huet sech do op d'Schëller geklappt an huet virun allem och ganz villes annoncéiert, wat scho gewosst ass, respektiv déi Projeten, déi si nach wëllen aus hirem Koalitiounsprogramm fir déi nächst Walen ëmsetzen."
Taina Bofferding, LSAP

De Fred Keup vun der ADR huet dem Premier virgeworf, wäit ewech vun der Realitéit ze sinn an ze wéineg konkret Léisungen ze liwweren. Besonnesch de Mangel u kloren Äntwerte beim Logement an zu weidere gesellschaftleche Problemer huet hie kritiséiert.

Fred Keup, ADR

Hien huet kritiséiert, datt de Premier sech an engem “Wunderland“ beweege géif, déi wéineg mat der Realitéit vun de Leit ze dinn hätt.

Op d'Fro, wat hie sech da vu Léisungsvirschléi erwaart hätt, sot hien, et misst ee kucken, datt d’Lëtzebuerger net méi an d’Ausland misste plënneren. Wat d’Onsécherheet an d’Kriminalitéit ugeet, war de Fred Keup der Meenung, si géife vu Leit gemaach, déi aus dem Ausland kommen, et misst een dowéinst kucken, datt si net méi op Lëtzebuerg kommen. Dat wier, Zitat: am Fong ganz einfach.

Fred Keup, ADR

De Sven Clement vun de Piraten huet d’Ried als voller ”Déjà-vue“ beschriwwen. Hien huet kritiséiert, datt vill Leit aus senger Siicht vergiess goufen, ënner anerem d’Mëttelklass an d’Grenzgänger. Beim Logement hätt hie sech en Ageständnis vun enger richteger Kris erwaart. Och d’Annonce ronderëm d’kënschtlech Intelligenz hätt hie kritesch gesinn, well dobäi d’Konsequenze fir d’Aarbechtswelt net genuch thematiséiert gi wieren.

"Mir hu kee Wuert iwwer d'Mëttelklass fonnt. Mir hu kee Wuert iwwert d'Mobilitéit fonnt. Mir hu kee Wuert iwwert d'Frontaliere fonnt, déi eist Land um Dréinen halen. Mir schwätzen iwwert d'Ekonomie. wéi wann dat eppes Abstraktes wär. An déi Leit, déi all Dag Stonnen a Stonnen am Stau stinn, déi géif komplett vergiess."
Sven Clement, Piraten

Back to Top
CIM LOGO