
Den Europäesche Rot fir Penal-Statistiken, déi vun der Universitéit zu Lausanne zesummegedroe ginn, weist bei den Inhaftéierungen zu Lëtzebuerg eng Augmentatioun vun 20 Prozent tëscht 2024 an 2025. Et wier eng vun den héchste Croissancen an Europa, sou d'Statistiker. De gréissten Zouwuess hunn d'Tierkei an Aserbaidschan ze verzeechnen, wärend Island, Bosnien an Herzegowina, Norwegen an Holland um Wupp vun deem Ranking leien.
Op den 31. Januar 2025 waren 1.107.921 Persounen an 51 europäesche Prisongen agespaart. Dat mécht 110 Prisonéier op 100.000 europäesch Bewunner. D'Zuele weisen ausserdeem, dass Lëtzebuerg, a Länner mat méi wéi 500.000 Awunner, den héchste Pourcentage (78 Prozent) un auslännesche Prisonéier hätt.
Liest hei de ganze Rapport, dee vum Council of Europe publizéiert ginn ass: