
Ma se ass omnipresent: 91% vun de Leit zu Lëtzebuerg benotzen hire Smartphone all Dag a 65% verbrénge "vill Zäit" op de soziale Reseauen, esou eng rezent Etüd vum Liser. Vill Lëtzebuerger appreciéieren den techneschen Developpement, fäerten awer och déi negativ Aspekter. Hei soll weider opgekläert, respektiv méi verbuede ginn.
Rezent huet d'EU Kommissioun e Projet de Loi zum Ëmgang mat der Kënschtlecher Intelligenz presentéiert. Dobäi geet et virun allem ëm d'Reegelung vun Applikatiounen, déi mat Risike fir de Mënsch verbonne sinn – déi positiv Aspekter awer solle weider promouvéiert a finanzéiert ginn, esou d'Vizepresidentin Margrethe Vestager.
Margrethe Vestager: "D'Artifiziell Intelligenz rett Liewe wéinst besseren Diagnosen. Se contribuéiert zu eisem Green-Deal, andeems se zum Beispill Baueren hëlleft, hir Ressourcen ze optimiséieren. Se hëlleft souguer Ingenieuren d'Notre-Dame-Kathedral zu Paräis nees opzebauen."
D'Potenzial vun der artifizieller Intelligenz ass grouss, ma genee esou grouss sinn déi verbonne Risiken. D'EU-Kommissioun wéilt dohier mat kloer Reegele Vertraue schafen.
"Et ass keng Plaz fir Massen-Iwwerwaachung an eiser Societéit. Dofir ass d'Biometresch Identifikatioun an eisem Projet de Loi prinzipiell verbueden. Hei ginn et just e puer kleng Exceptiounen."
Just bei seriöe Strofdote kéint et zu enger Iwwerwaachung kommen, esou d'Kommissioun. Dem Projet de Loi no ginn et 4 Kategorië vu „Geforepotenzial", also och 4 verschidde Kategorien u Regulatiounen.
Kritik kënnt awer vu ville Spezialisten – d'Kommissioun géif Reegele fir e Secteur usetzen, deen ausserhalb vum Kontinent esou richteg opblitt.
Och Lëtzebuerg probéiert sech zanter Joren, am IA-Beräich ze etabléieren – och wa kee grousse Budget fir dëse Secteur reservéiert ass. Ma fir d'Riske vun den neien Technologië méi no un de Grand Public ze bréngen, soll deemnächst an Informatiounscampagnen investéiert ginn, esou de Premier a Digitalisatiounsminister, Xavier Bettel.
Xavier Bettel: "An den nächste Méint maache mer geziilten Informatiounscampagnen iwwert Daten- a Businessmodeller, respektiv och iwwert d'Algorithmen, déi dacks hannert dësen Technologië stinn. Dat gëtt zesumme mat Acteure gemaach, déi dat op enger einfacher Aart a Weis och kënnen erklären."
An enger rezenter Etüd vum Liser fuerderen 80% vun de knapp 2.400 Participante méi Opklärung an dësem Beräich. Eng Etüd, déi och dat digitaalt Verhale vun der Populatioun am Grand-Duché analyséiert huet, sou d'Direktesch vum Liser, Aline Muller.
Aline Muller: „Bal all déi befrote Matbierger (94%) wëssen, datt all d'Instrumenter an Applikatiounen hir perséinlech Date sammelen. 54% vun hinne wëssen, datt déi Datesammlung d'Privatsphär net necessairement respektéiert. All déi gleewen a fäerten, datt déi perséinlech Donnéeë kënne verkaf ginn."
D'Artifiziell Intelligenz géif net méi gebremst ginn, esou de Constat e Mëttwoch de Moien. Den Ëmgang mat den Donnéeë misst awer reglementéiert ginn. D'Kreatioun vun enger Daten-Ethikkommissioun zu Lëtzebuerg wier awer éischter onwarscheinlech, esou de Xavier Bettel. Et wier wichteg, der Nationaler Ethikkommissioun hiren Avis och an dësem Beräich ze froen – eng Kommissioun mat Leit, déi net nëmmen op IT spezialiséiert sinn.