
Déi Chiffere goufen e Freideg de Moien op hirer Bilans-Pressekonferenz genannt. D'Hausse ass duerch verschidde Facteuren ze erklären. Engersäits wieren d'Bierger antëscht besser informéiert a géifen hir Rechter kennen, seet d'Presidentin vun der CNPD, Tine Larson.
"Deen zweete Grond ass, datt vill méi Texter opkommen, déi och ganz vill thematiséiert ginn an de Medien, do stellt de Bierger sech natierlech Froen. An den drëtte Grond ass d'Evolutioun vun der Intelligence artificielle. An do ginn et ganz vill Outilen à disposition vum Bierger, fir besser kënnen ze schreiwen. An doduerch ass et méi einfach, fir eng Reklamatioun séier ze prompten an déi och ganz extensiv ze maachen."
D'Theematike vun de Reklamatiounen haten iwwert déi lescht Joer net forcement geännert:
"Et si Sujeten, déi d'Aarbecht betreffen, d'Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz, ob dat elo d'Kameraiwwerwaachung ass oder datt ee sech duerch Zäiterfaassung iwwerwaacht fillt, dat gëtt monéiert, et kommen natierlech och vill Froen eran, am Kader vun engem Licenciement, woubäi dat neit Reglement iwwert d'Prozeduren, wat um europäeschen Niveau elo gestëmmt ginn ass a wat mer amgaange sinn ëmzesetzen, d'Méiglechkeete fir de Bierger reduzéiert, fir frauduléis Froen eranzereechen."
D'Intelligence artificielle wier an den Ae vun der CNPD déi gréissten Erausfuerderung, well se all Beräich betrëfft an e grousse Risk fir jidderee wier. Et misst dofir méi responsabiliséiert an informéiert ginn.