"Jo, ech muss soe fir eis war et eng Surprise. Mir goufen hei kontaktéiert ganz fréi, um Ufank vum Joer. Hien hätt gefrot fir bei eis hei an d'Gemeng Ëlwen ze kommen”, erzielt den Ëlwener Buergermeeschter Edy Mertens mat Houfert.
Keng Fro, d'Ëlwener ware geéiert an ouni ze zécken hu se zougesot. D'Arrivée um Rouden Teppech, de Wilhelmus, d'Signature vum gëllene Buch. Nom Besuch an der Märei kritt d'groussherzoglech Koppel vun 90 Schoulkanner aus de Cyclen 2 - 4 "Kanner aus dëser Welt" virgesongen, erzielt eis d'Léierin Vanessa Simoes en Donneschdeg de Moie bei de Prouwe virun der Gemeng. Een däitscht Lidd, dat eng fréier Schoulpresidentin an Éisleker Dialekt iwwersat hat. "Et ass fir verschidde Kanner natierlech eng Erausfuerderung, well net jiddereen "Éislekesch" schwätzt. Si kënnen dat Lidd scho gutt, fir dee ganzen Text deen et ass, sinn ech awer ganz stolz op si.”
No der Gemeng wäert et am Cortège a Richtung Adames Plaz goen. Duerno sti weider Festivitéiten an Iwwerraschungen um Programm. Zanter 4 Méint gëtt emseg organiséiert, geplangt, an ëmorganiséiert. Zäit wär séier vergaangen, seet den éischte Schäffe Guy Henckes. Him gëtt ee gewësst Organisatiounstalent nogesot. Dat brauch et och. "De Plang ännert wéchentlech, deeglech, an elo de Moment ännert e stënterlech. Mee dat mécht eis näischt aus. Mir hu keng Problemer hei, mir hunn nëmme Léisunge parat."
D'Gemeng rechent mat 1.000 - 1.500 Visiteuren. Et géif een der awer och méi packen. Fir e Freideg ginn 28 Grad zu Ëlwen virausgesot. Iwwer d'Hëtzt mécht ee sech net all ze vill Suergen. D'Wieder wär perfekt, net ze waarm. Et géif dofir gesuergt, datt vulnerabel Leit Plaz am Schied kréichen an et wär genuch Waasser do, betount den éischte Schäffen.
Visiteuren, déi mam Auto kommen, gëtt geroden, sech entweder op de CFL Parking, op deen nieft dem Futtballterrain oder op de Parking vu Luxforge ze stellen. Tëscht deenen dräi Parkingen an dem Zentrum vun Ëlwen zirkuléieren Navetten. Am beschte sollt ee fir 15:15 Auer do sinn, vu 15:30 Auer u wär alles zou.
Am Virfeld vun der Joyeuse Entrée zu Ëlwen ware mir e Mëttwoch och bei den Awunner de Bols fillen:
Op RTL.lu hale mir Iech e Freideg de ganzen Dag an eisem Liveticker iwwer d'Joyeuse Entrée zu Ëlwen um Lafenden.