CGDIS a PoliceKierperverletzung zu Mäertert an zwee Accidenter mat jee engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS sinn och op de Feierdeeg prett fir ze hëllefen. Op Hellegowend an e Méindeg de Moien fréi op Chrëschtdag si si gebraucht ginn.
© RTL

E Sonndeg den Owend géint 19.15 Auer gouf et en Accident tëscht dräi Autoen. Op der A13 a Richtung Péiteng tëscht der Gadderscheier an Nidderkuer hat et geknuppt. Eng Persoun gouf blesséiert.
An der Nuecht op e Méindeg huet et um 3 Auer zu Nidderfeelen an der Baaschtnecher Strooss gebrannt. Et blouf beim Materialschued.

Auto op der Kopp gouf et dann nach e Méindeg de Moien um 4 Auer op der Nationalstrooss tëscht Ierpeldeng an Déierbech. De CGDIS mellt ee Blesséierten.

Alkohol um Steier

Wéi d’Police mellt hunn dann och eng Rei Chaufferen hirer Fürerschäi wéinst Alkohol um steier missen ofginn. Esou zum Beispill e Sonndeg am Nomëtteg zu Béiweng. Do gouf gemellt, datt een Auto eng Pann op dem CR159 gehat hätt an d’Bunn deelweis blockéiere géif. Eng Policepatrull war kuerz Zäit drop op der Plat. Well de Verdacht, datt de Chauffer gedronk hat, séier opkoum, gouf een Alkoholtest gemaach. D’Resultat war positiv, a sou huet se Chauffer säi Permis missen ofginn.

Zu Wäiswampech gouf e Sonndeg am spéiden Owend een Auto op engem Feld gemellt. Op der Plaz konnt d’Police de Chauffer untreffen an huet och hei een Alkoholtest gemaach. D’Resultat war positiv an och hien duerft säi Fürerschäin net behalen.

Kierperverletzung zu Mäertert

Wéi d’Police mellt gouf et e Sonndeg de Moien dann nach ee Fall vu Kierperverletzung zu Mäertert. Bei enger Ausernanersetzung op der Héicht vun der Route de Wasserbillig gouf eng Persoun mat Stéch un der Hand blesséiert.

Eng Policepatrull gouf op d’Plaz geruff, wou d’Beamten d’Affer an de presuméierten Täter ugetraff hunn. No enger Noutversuergung op der Plaz koum d’Affer fir weider Traitementer an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl an op Hellegowend am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO