VIDEO-INTERVIEW - RTL-Invité vun der Redaktioun: "Cannabis ze legaliséieren ass eng gutt Saach, d'Koordinatioun ass wichteg"Zanter dem Ufank vum Mount ass et d'Dokteren, déi eng speziell Formatioun matgemaach hunn, erlaabt, Cannabis fir verschidde Krankheeten ze verschreiwen. Awer och de sougenannten "rekreative Cannabis" - soe mer mol d'Kiffen an der Fräizäit - soll bei eis erlaabt ginn.
D'Regierung ass am Gaang, d'Legaliséierung virzebereeden, et geet ee sech a Kanada inspiréieren, wat nom Uruguay dat zweet Land weltwäit ass, wat Ubau, Verkaf a Konsum vu Cannabis ënner staatlecher Kontroll zejoert erlaabt huet.
An enger Spezial-Sendung e Mëttwoch den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg gouf iwwer Pro a Kontra vun der Legaliséierung diskutéiert.
Déi repressiv Drogepolitik aus de leschte Joren hätt näischt bruecht, wann de Staat d'Kontroll hätt, kritt een de Schwaarzmaart an déi schlecht Qualitéit vum Produit mat deels nefasten Auswierkungen op d'Gesondheet besser an de Grëff - seet de Justizminister Felix Braz.
Vill Froen bleiwen awer op: Haut gëtt jo schonn industriellen Hanf zu Lëtzebuerg ugeplanzt.

Géif lo och den Ubau vu Cannabis mat THC erlaabt ginn, ënner wei enge Konditiounen? Kréiche mer Coffee-Shoppe wéi an Holland? Wéi vill Taxe kéimen drop? Vu wéi engem Alter u gëtt en erlaabt? Hei warne Kritiker jo virun allem, dass een de Jonken net dierf de Message ginn, dass kiffen harmlos ass - dees ass sech och de Gesondheetsminister Etienne Schneider bewosst. Hien denkt drun, de Konsum vun 18 Joer un zouzeloossen.
Kritiker warnen, dass déi gesondheetlech Gefore vum Cannabis verharmloost ginn - ëmmer méi Jonker géifen duerch iwwerdriwwene Konsum Psychosen entwéckelen. Dat hänkt vu ville Facteuren of, seet de Psychiater a Suchttherapeut Jean-Marc Cloos.
Bei enger Legaliséierung kéint een och méi oppe mat Präventioun ëmgoen, Jonker géife sech vläicht éischter hëllefe loossen.
D’Regierung geet sech lo mol a Kanada inspiréieren an da wäert eng Zort Lëtzebuerger Modell entwéckelt ginn.
All dës Pro- a Kontra-Argumenter koume mat Reportagen an Invitéen zur Sprooch. De Gesondheetsminister Etienne Schneider an de Justizminister Felix Braz hunn erkläert, wat d'Regierung plangt. Am Studio waren den Drogebeoptraagte vun der Regierung, den Dr Alain Origer, den Dr Jean-Marc Cloos, Psychiater a Suchttherapeut, de Bob Lessel vu Cannamedica an de Carlos Paulos vum Service PIPAPO, dee bei Jonker op Fester geet.
Ëm de Sujet Cannabis geet et och en Donneschdeg de Moien op Radio Lëtzebuerg: Invité vun der Redaktioun ass nämlech de Jean-Nico Pierre, Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef.
Invité vun der Redaktioun (31. Januar): Jean-Nico Pierre