Debat an der ChamberKlappjuegd an Zukunft och weiderhi méiglech

RTL Lëtzebuerg
Een Debat an der Chamber iwwer d'Petitioun mat der Nummer 2519 hat en Enn vun der Klappjuegd gefuerdert.
Klappjuegd an Zukunft och weiderhi méiglech
Een Debat an der Chamber iwwer d’Petitioun mat der Nummer 2519 hat en Enn vun der Klappjuegd gefuerdert.

Dem Petitionär no wier d’Klappjuegd Déierequälerei, d’Déiere géinge gedriwwe gi vun engem Ruddel vu geziichte Muppe bis se net méi kéinten. Och géing d’Klappjuegd d’Sécherheet vun de Leit, déi am Bësch spadséiere goe wëllen, a Fro stellen. D’Verfechter vun der Klappjuegd gesinn heiran awer virun allem en effektive Moyen, fir de Bestand u Wëld am Bësch ze reduzéieren.

Nieft dem Leed, dat d’Klappjuegd fir d’Déiere mat sech bréngt, zweiwelt de Petitionär Cyril Perrichon virun allem un der Effikassitéit vun der Klappjuegd:

“La chasse de type battue n’est pas un type de chasse efficace pour réguler les populations animales. Elle peut conduire à des flucutations imprévisibles dans les populations animales et causer des dommages environnementaux supplémentaires. Il existe des alternatives existantes telle que la chasse sélective, la gestion des habitats et des programmes de contraception animale.”

De Petitionär wënscht sech, datt amplaz vun der Klappjuegd d’Fierschteren de Wëldbestand reguléiere sollten.

Den ugeschwate Punkt mat der Contraceptioun gouf par konter vum Laurent Schley vun der Naturverwaltung kritiséiert. D’Contraceptioun géing nach erfuerscht ginn a wier an der Praxis nach net ëmsetzbar.

Kuerz a mëttelfristeg gesinn, wier d’Klappjuegd dowéinst ëmmer nach néideg. Elleng schonn, well den Zoustand vu ville Bëscher schlecht ass, sou d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring:

“Dat ass gréisstendeels bedéngt duerch de Klimawandel, duerch déi grouss Dréchent, déi sech verbreet huet. Déi mécht awer och, dass méi Mascht do ass, méi Som op de Buedem fält, well d’Beem probéieren ze reagéieren, dat heescht dass verschidde Wëllaarten, dorënner d’Wëllschwäi quasi méi gefiddert ginn.”

Dobäi kënnt, datt mat engem héije Bestand u Wëld, sech de Bësch net richteg erhuele kéint.

Schonn 2019 gouf an der Chamber iwwer dat Thema debattéiert. Zanterdeem wier et schonn zu verschiddene Verbesserunge komm. D’Ministesch verweist hei ënner anerem op dat iwwerschaffte Juegdgesetz, dat sech méi op de Schutz vun der Natur a Biodiversitéit fokusséiert. Iwwerdeems goufen initial Formatiounen iwwerschafft, fir datt d’Schosssécherheet verbessert ka ginn.

Back to Top
CIM LOGO