
U sech hätt Schwaarz-Rout och ouni déi Gréng kënne weidermaachen, ma et wëll een eng stabil Majoritéit hunn, esou den alen an neie Buergermeeschter Nico Pündel (CSV). Éischt Schäffe bleift d’Betty Welter-Gaul (LSAP). Den zweete Schäffeposte geet un d’Anne Arend-Lahaut (CSV). D’Maryse Bestgen vun déi Gréng gëtt 3. Schäffen.