SchëtterKoalitioun tëscht DP an LSAP - Claude Marson gëtt neie Buergermeeschter
RTL Lëtzebuerg
DP krut 4 Sëtz an d'LSAP 2 Sëtz. De Véiertgewielte Claude Marson (LSAP) gëtt den neie Buergermeeschter.
Update: 14.06.2023 20:19
De Meeschtgewielte Serge Eicher (DP) gëtt éischte Schäffen an de Sechstgewielten Andrew Kiser (DP) gëtt zweete Schäffen. Dat hunn DP an d’LSAP haut an engem Schreiwes matgedeelt.