
Um Walowend gouf et fir d’LSAP-Beetebuerg nees eng Enttäuschung. Trotz meescht gewielter Partei mat 36,8 Prozent kënnt een net an d’Verantwortung. Déi al CSV-Déi Gréng-DP-Koalitioun huet sech nees séier fonnt.
Eng Realitéit, déi net jidderee wollt akzeptéieren. De Beetebuerger DP-Spëtzekandidat Gusty Graas krut an der Walnuecht en Telefon vum Spëtzekandidat vun der LSAP, dem Marco Estanqueiro, deen him proposéiert huet, de Buergermeeschterposten unzehuelen. Zu zwou Parteie wier een awer net op eng Majoritéit vun de Sëtz komm. “Op d’Fro wéi e sech dee Fonctionnement virgestallt hätt, krut ech net onbedéngt eng kloer Äntwert”, seet de Gusty Graas. Dem DP-Kandidat no géing et do just eng Méiglechkeet ginn. Nämlech mat enger Ënnerstëtzung vun der ADR, wat awer fir hien absolut net a Fro kéim.
Eng Offert, déi, wa se eng Koalitioun mat der ADR geheescht hätt, och fir de Meeschtgewielten LSAP-Kandidat Roby Biwer guer net a Fro komm wier. Seng Reaktioun, wou en dat gewuer ginn ass: “Mäin Häerz war bal stoe bliwwen. Ech si frou, dass ech e gesond Häerz hunn, soss hätt ech en Häerzinfarkt gemaach, wou ech dat héieren hunn.” Bei der LSAP Beetebuerg wier ee sech eens, dass d’Zesummenaarbecht vun der LSAP mat der ADR en No-Go wier.
D’Handele vu senge jonke Parteikolleege wier net iwwerluecht gewiescht. Ni wier awer e Wuert gefall, dass eng ADR sollt an d’Spill kommen. An engem Communiqué hunn d’Co-Spëtzekandidaten dat e Mëttwoch den Owend nach eng Kéier preziséiert. An och de Patrick Kohn vun der ADR Beetebuerg confirméiert, dass et kee Kontakt mat der LSAP gouf.
Eng Koalitioun mat der ADR kéim esouwuel national wéi och lokal net a Fro, seet den LSAP Co-Parteipresident Dan Biancalana.“Och wann d’LSAP-Sektiounen, an der Aart a Weis wéi se funktionéieren, eng gewëssen Autonomie par rapport zu der Partei hunn, ginn et eng ganz Rei rout Linnen. An dëst ass eng dovunner”, sou de Politiker. An dësem Fall hätt sech elo awer kloer erausgeschielt, dass et kee Kontakt mat der ADR ginn hätt. Eng Ouverture wier vun der Partei nämlech net guttgeheescht ginn.