Chambersessioun um MëttwochKonfusioun bei de Masken, gedeelter Meenung bei Luxair-Generaldirekter

Fanny Kinsch
Niewent der Luxair, stounge virun allem eng Partie Gesetzer um Programm, fir vun der Chamber gestëmmt ze ginn.
© RTL Archiv

Et wär eng excellent Iddi, dass de Gilles Feith neie Generaldirekter vun der Luxair gëtt a sou den Adrien Ney ersetzt. Dee wär e gudde Krisemanager, hie wär berouegt, dass e Lëtzebuerger fir dee Poste fonnt gouf, an hie stéing zu deem Choix.

De neie Generaldirekter bei der Luxair - Rep. Eric Ewald

Dat sot de Mobilitéitsminister François Bausch e Mëttwoch am Nomëtten an der Chamber, do war eng Aktualitéitsstonn iwwert d'Situatioun an der ziviller Aviatioun, déi vun der CSV gefrot gi war.

© RTL Archiv

D'Luxair misst elo e Strategieplang fir d'Zukunft opstellen, eng Luxair, déi en essentielle Betrib vun der Ekonomie wär, déi ee bräicht a fir déi de Staat seng Responsabilitéit iwwerhuele géif, sot de Minister.

D'Spriecher vun der CSV, der ADR a vun déi Lénk hu sech natierlech och mam neie staarke Mann un der Spëtzt vun der nationaler Fluggesellschaft befaasst a si haten, zum Deel, aner Vuen, wat de Gilles Feith ugeet.

De Serge Wilmes (CSV) huet fonnt, de Minister misst berouegen,..."well matzen an der Kris ass den Direkter vun der Luxair ausgetosch ginn, an dat, op jidder Fall, war alles anescht wéi rassurant, besonnesch d'Manéier an déi Aart a Weis, wéi et geschitt ass, déi Vitesse, mat där et geschitt ass."

Den CSV-Deputéierten huet, d'selwecht wéi de Jeff Engelen, gefrot, firwat et net zu enger Ausschreiwung koum. Den ADR-Vertrieder stellt sech donieft nach d'Fro, no der Experienz vum neie Generaldirekter an der Aviatioun: "Dee Mann hat zwar Ekonomie studéiert, mä ob dee Mann vun der Aviatioun a vum Management an der Privatwirtschaft eppes kennt, dat wäert sech nach musse beweisen."

Fir den David Wagner vun déi Lénk hätt de Gilles Feith awer an der Lescht bewisen, dass hien an enger Kris verwalte kéint: "Et ass och e bësse méi berouegend, ze wëssen, dass mer och en héije Beamten hunn, deen dat iwwerhëlt, wéi vläicht e Manager aus der Privatwirtschaft, dee vläicht ganz aner Prioritéiten huet."

De François Bausch sot virop dëst zur Personalie Luxair-Generaldirekter: "Ech wëll ganz kloer soen, dass selbstverständlech ech mech net wëll verstoppen hannert iergendeppes. Mä et war mir awer wichteg, dass mer awer hei d'Reegelen anhalen, wéi se am Fong awer virgesi sinn."

De Mobilitéitsminister huet erkläert, dass hien d'Successioun vum Adrien Ney net kommentéiere wollt, ier eng Decisioun gefall wär. De Gilles Feith wär an de Fokus komm, well hien an der Kris vill zur Organisatioun vum Cargozenter bäigedroen hätt.

Zum Constat, dass e keng Erfarung an der Aviatioun hätt, wär ze soen, dass den Adrien Ney am Ufank och keng hat. Den neie Mann misst d'Qualifikatioun an de Courage fir dee Posten hunn an e Manager sinn. Et wär wichteg a berouegend, dass een e Lëtzebuerger fonnt hätt an hie stéing zu deem Choix, huet de François Bausch nach betount.

Congé pour raisons familiales bei Kanner mat Behënnerung

Och nom Schluss vum Etat de crise sollen Eltere vu Kanner mat enger Behënnerung iwwer 13 Joer kënne vum Congé pour raisons familiales profitéieren, wann d'Betreiungsstruktur zou ass. Dat gesäit e Gesetz vir, dat e Mëttwoch de Mëtten an der Chamber eestëmmeg ugeholl gouf.

Fir Kanner tëschent 13 an 18 Joer kënnen d'Elteren à la base nëmmen am Fall vun enger Hospitalisatioun de Congé pour raisons familiales ufroen. Dat well een dovunner ausgeet, datt déi Jugendlech och eleng Doheem eens ginn.

Well dat bei Jugendleche mat enger Behënnerung awer net onbedéngt de Fall ass, hat d'Regierung ewell iwwert e Règlement grand-ducal och schonn eng Ausnam agefouert, deen awer just fir d'Dauer vum Etat de crise gëllt.

Gesetz iwwert eng Reorganisatioun an der Handwierkskummer

An der Chamber gouf dann och nach e Gesetz eestëmmeg ugeholl, dat de Cotisatiounssystem fir d'Handwierkerkummer reorganiséiert. Doduerch gëtt an Zukunft net méi nëmmen de kommerzielle Benefice, ma och d'Unzuel vun de Salariéeë bei der Berechnung vun de Kotisatioune berechent. D'Zil vun dësem Projet, dee vun der Beruffskummer selwer och gefuerdert gouf, ass fir jonk Entreprisen, awer och kleng a mëttelgrouss Betriber z'entlaaschten, esou d'Rapportrice vum Gesetzprojet Simone Beissel. Doduerch géif eng finanziell Solidaritéit am Secteur geschaf ginn.

Och d'Oppositioun huet de Projet begréisst, den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum: "D'Chambre des métiers kënnt zu enger wichteger gesellschaftlecher Conclusioun. Nämlech datt déi breet Schëllere méi droe sollen, wéi déi schmuel Schëlleren. An dee System, dee virdrun do war, huet dozou gefouert, datt déi schmuel Schëllere méi gedroen hu wéi déi breet Schëlleren. Dofir ass et eng Demande vun der Chambre des métiers selwer gewiescht, fir dee Cotisatiounssystem z'änneren, an et erfreet mech besonnesch elo an dëser Zäit, wou d'Diskussioun an deene leschte Wochen e bëssen héichgekacht ginn ass iwwert déi sougenannte breet Schëlleren, datt d'Chambre des métiers dat och esou gesäit."

Extrait Marc Baum

D'Gesetz fir de Cotisatiounssystem vun der Handwierkerkummer ze ännere gouf eestëmmeg ugeholl, mat der Kritik nëmme vun de Piraten, datt een déi obligatoresch Affiliatioun un d'Beruffskummere misst ofschafen.

Carte d'Identitéen déi nom 1. Mäerz ofgelaf wieren, gëlle méi laang

Leschte Punkt um Ordre du Jour vun der Chamber e Mëttwoch war e Gesetz, duerch dat d'Carte d'Identitéen, déi nom 1. Mäerz 2020 ofgelaf wieren, fir 3 Méint méi laang gëllen. Och dat ass eestëmmeg ugeholl ginn.

Esou soll verhënnert ginn, datt ze vill Leit op ee Mol mussen op d'Gemeng goen, fir eng nei Carte d'Identité unzefroen, esou den LSAP-Deputé-Maire a Rapporter vum Gesetzprojet Dan Biancalana: "Dat erliichtert sécher d'Aarbecht vun de Gemengen, mee hëlleft awer och de Leit, déi dann e bësse méi Zäit hunn, fir dëser administrativer Verflichtung nozekommen ouni datt se mat villen anere Leit sech direkt nom Etat de crise op d'Gemeng mussen deplacéieren. Duerch de Règlement grand-ducal vum 25. Mäerz 2020 gouf schonn assuréiert, dass d'Cartes d'identités, déi den 1. Mäerz ofgelaf sinn, respektiv fir Lëtzebuerger, déi an eng aner Gemeng plënneren, fir d'Dauer vum Etat de crise hir Gültegkeet behalen, an dëse Projet de loi schaaft wéi gesot d'Base légale, fir dës Mesure iwwert den Etat de crise eraus ëm dräi Méint ze verlängeren."

Extrait Dan Biancalana

D'Inneministesch Taina Bofferding huet präziséiert, datt an Zesummenaarbecht mam Ausseminister eng Note verbal verfaasst gi wier, fir datt een och nach mat enger "ofgelafener" Carte d'identité sech am Ausland deplacéiere kéint.

Konfusioun beim Verdeele vun de Masken an de Reie vun der CSV

Konfusioun gouf et iwwerdeems bei enger Rei CSV Deputé-Maires, wéi si beim Verdeele vun deene 50 Masken un d'Bierger solle virgoen. Et weist een net op ee muer sollt domat ufänken oder eréischt de 25. Mee. De Syvicol hätt gefrot, fir de 25. Mee als Stéchdatum unzeginn, esou d'Inneministesch. Natierlech kéint awer all Gemeng decidéieren, scho virum 25. Mee mam Verdeelen unzefänken.

Back to Top
CIM LOGO