
Den Ëmsaz vum Grupp ass zejoert ëm iwwer 8 Prozent geklommen a läit elo no bei enger Milliard Euro. De konsolidéierte Netto-Benefice klëmmt iwwerdeems op 57 Milliounen an d’Post huet zejoert méi wéi 140 Milliounen Euro investéiert. Am Ganze schaffe 4.500 Leit fir de Post-Grupp.
De Staat kritt da 15 Milliounen Euro un Dividenden ausbezuelt. D’Post huet zejoert als als Patron 40 Milliounen u Sozialchargen iwwerwisen.
De 5-G-Reseau couvréiert ewell 94 Prozent vun der Populatioun. Beim Glasfaserreseau ass ee bei 84 % vun alle Stéit. De Gesamtkäschtepunkt vun deem Chantier beleeft sech op eng Milliard Euro.
Bei der Bréifpost geet de Volume da weider biergof. Päck sinn der zejoert allerdéngs méi geliwwert ginn, ewéi d’Joer virdrun. Méi ewéi 7 Millioune Päck waren et. E Véierel dovunner gouf vu Bréifdréier bruecht.
De klasseschen Telefon huet nach emol 15 Prozent un Terrain verluer. Deem géintiwwer steet e Plus vun 2 Prozent beim mobillen Telefon an e Plus vu 15 Prozent beim ICT-Beräich, haaptsächlech fir professionell Clienten.
Bei den Agencen, wier et dem Generaldirekter vun der Post Claude Strasser dann esou, dass et an den nächste Joren net zu weidere Fermeture komme wäert: “Et wäert an den nächste Joren net zu weidere Fermeture vu Postbüroe kommen....ech schléissen net aus dass vläicht deen een oder deen anere seng Dieren zoumécht, mä mir gesinn, dass do wou mer haut sinn, awer nach de Client ganz gäre bei eis kënnt. Sief an d’Espaces Poste oder an déi klassesch Postbüroen. Mir hunn do eng héich Frequentatioun an et ass net denkbar, weider Büroen zouzemaachen, well et geet jo drëms, de Service um Client ze verbesseren an net ze reduzéieren.”
Beim E-Banking vu der Post ass d’Zuel vun den Utilisateuren dann ëm 10 Prozent geklommen. Am Guichet goufen iwwerdeems 20 Prozent manner Cliente gezielt. 96 Prozent vun de Bankoperatioune bei der Post ginn antëscht online gemaach.