
De Kontrolldokter ass wichteg, fir Abusen ze verhënneren. Reegelméisseg gëtt et awer Kritik. Eng 2. Persoun däerf zum Beispill net matgeholl ginn. Iwwerweisungen oder Behandlunge ginn net acceptéiert oder de Kontrolldokter huet eng aner Vue, ob ee ka schaffe goen oder net.
Déi Lénk haten dowéinst eng Diskussioun an der Chamber ugefrot. X Mol hätte si Reklamatiounen héieren. Zum Beispill, dass de Kontrolldokter net géif nolauschteren, autoritär wier a sech net kéint an de Patient eraversetzen, sou d’Nathalie Oberweis.
Déi lénk Deputéiert huet ausserdeem d’Fro opgeworf, firwat en Avis vum Kontrolldokter méi Wäert wier, ewéi dee vum Spezialist: “Mir hunn hei eng Verwaltung, déi Entscheedungen iwwer Mënschen an hiert Liewen hëlt. Dës Entscheedungen sinn dacks anonym. Dacks net motivéiert an net fondéiert. Dat heescht, et feelt u Rechenschaftspflicht. Wou ass d’Verantwortung?”
De Beruff vum Kontrolldokter wär wichteg, sot de grénge Marc Hansen, mä net ëmmer attraktiv: “Wichteg wär, wa Leit mat Erfarung géifen agestallt ginn, déi awer net just e puer Joer als Fin de carrière do bleiwen, mä sech am Beräich vun der medezinescher Kontroll spezialiséieren an déi Kompetenzen laang am Déngscht vun der Sécurité Sociale, mä besonnesch am Déngscht vun de Patiente kënnen uwenden.”
De Pirat Sven Clement huet gemengt, mental Kranker géifen dacks net eescht geholl ginn. Et géif keng Depressioune ginn, géife Leit ze héiere kréien, oder aner komesch Argumenter: ”...datt si äusserlech ze schéi wieren, fir depressiv ze sinn. Als hätt Depressioun iergendeppes mat äusserlecher Schéinheet ze dinn! En plus – Schönheit liegt im Auge des Betrachters – stellen ech mer awer d’Fro, wat fir e Brach deelweis d’Assuréen do ze héiere kréien.”
Den zoustännege Minister an d’LSAP allgemeng hunn déi Kriticken net gëlle gelooss. Reklamatioune géifen eescht geholl ginn. Et hätt ee graff iwwer 600.000 Krankeschäiner d’Joer an eng 40.000 Kontrolle géife gemaach ginn.
Net alles, wat een héiert, wär richteg, huet de Minister Claude Haagen geäntwert. Et kéint een zum Beispill och ee mathuelen, wann ee freet: “Mir hu momentan vun dësem Joer u 6% vun de Leit, déi geruff ginn, déi en Accompagnement accordéiert kréien. Dat sinn der – wann ech dat héich rechnen – bei 41.000 – ronn 2.500 Begleeder an engem Joer.”
Wann et sproochlech Problemer gëtt, kéint een och eng Begleedung ufroen an dat géif erlaabt ginn.