ONGe Greenpeace an Action Solidarité Tiers MondeKritik bei Investissementer um Pensiounsfong

RTL Lëtzebuerg
De Pensiounsfong, deen och nach Fonds de compensation genannt gëtt, wäert dëst Joer seng Investissiounsstrategie fir déi nächst 5 Joer nei opstellen.
© RTL Archiv

Wann et no Greenpeace an Action Solidarité Tiers Monde geet, wier et eng gutt Geleeënheet, fir dass de Fong sech méi nohalteg kéint opstellen. Eng aktuell Analys am Optrag vun den ONGen huet erginn, dass de Pensiounsfong a klimaschiedlech Firmen investéiere géing oder a souer, déi d’Mënscherechter net respektéieren. Den Ausgangspunkt fir d’Analys war den Investor Report aus dem Joer 2021. Beim Thema Klima koum ënner anerem eraus, dass déi am Dokument gelëschten Entreprisen ze vill Emissioune géingen ausstoussen. Hir Aktivitéite kéinten zu enger Äerderwiermung vun 2,7 Grad féieren, also däitlech iwwer dem Zil vum Paräisser Ofkommes vun 1,5 Grad.

Wéi eng Suitten dat kann hunn, erkläert de Martin Granzow vu Nextra Consulting, deen d’Analys duerchgefouert huet: “Wir haben Einflüsse auf Biodiversität, das trifft auch hier in Europa zu, wir sehen jetzt schon ein massives Artensterben, hervorgerufen durch die sich verändernde Umwelt. Und natürlich nehmen auch die Extremwetterereignisse zu: Stürme, Fluten, Trockenperioden. Das sind alles Ereignisse, die in der Vergangenheit sehr selten waren und nun immer öfter vorkommen werden.”

Beim Thema Mënscherechter gouf ënner anerem gekuckt, ob d’Entreprisen eng sougenannte “Human rights due diligence” agesat hunn. Dat ass ee Mechanismus, dee wichteg ass fir Mënscherechtsverletzunge kënnen ze erkennen. A ganzer 196 Fäll wier dës Viraussetzung net richteg erfëllt ginn: “Das heißt in diesen Unternehmen wird das Thema Human Rights nicht vollständig analysiert. Und es gibt keine ausreichenden Managementmechanismen, um die Verletzungen zu implementieren. Das heißt de Facto in dem Moment, wo ich die Themen nicht analysiere, kann ich sie nicht managen und für den FDC heißt das, dass er am Ende einen Blind Spot hat in seinem Portfolio, weil einfach keine Transparenz da ist.”

Allgemeng wier der Consulting-Firma awer och opgefall, dass d’Critèren, fir vun der Lëscht vu Beneficiairë vun Investissementer ausgeschloss ze ginn, net streng genuch wieren. Och wier et problematesch, dass de FDC de Portfolio u Beneficiairen net selwer aktiv managen, mee dës u sougenannten Asset Manager weider gëtt. Si kéinten da selwer entscheeden, wie se an hirem Portfolio ophuelen.

Am Hibléck op dës Resultater hu Greenpeace an d’ASTM eng Rei u Fuerderungen opgestallt, dozou d’Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg: “Mir fuerderen, dass de FDC ganz kloer fir déi Investissementer vum gesamte Fong an natierlech vun all eenzel Sous-Fonds ganz kloer Critèrë festleeë muss, wou déi Fong Manager mussen investéieren. An ee vun deene Critèren ass dass d’Investissementer am Aklang mat den Ziler vum Paräisser Klimaschutzofkommes musse sinn.”

Weider fuerderen d’ONGen, datt Entreprisen, déi sech net un de Klimaschutz a Mënscherechter hale wëllen, sollen ausgeschloss gi vun den Investissementer. Datt Finanzementer an nohalteg Entreprisen an Technologië kënne rentabel sinn, géing sech um Beispill vum hollännesche Pensiounsfong weisen, deen zejoert ganz aus de fossillen Energien erausgeklommen ass.

Back to Top
CIM LOGO