Inneminister Léon GlodenKuerzfristeg Reforme bei de Gemengefinanzen annoncéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Gemenge Leideleng an Nidderaanwen fille sech bei der Gewerbesteier benodeelegt. Hannergrond ass de Verdeelungsschlëssel vum Dotatiounsfong.
© Envato thichas

Rezent huet d’Cour administrative den zwou Gemenge fir d’Joren 2019 an 2020 awer Onrecht ginn a si kréie fir déi Jore keng Suen aus dem Staatsdëppen zeréck.

Den Inneminister Léon Gloden weist Versteesdemech fir d’Gemengen a verweist op punktuell Changementer bei de Gemengefinanzen. Den CSV-Minister schwätzt vu kuerzfristege Reformen. An der Beaumontsgaass stelle se fir zejoert en Iwwerschoss beim Impôt commercial a beim Dotatiounsfong fest.

“Mir hunn 53 Millioune méi erakritt, wéi mer dat nach gemengt haten, wéi de Budget 2023 rectifié opgestallt ginn ass. Dee Plus do vun 53 Millioune kënnt alle Gemengen zegutt. An duerfir hu mer am Conseil supérieur des finances decidéiert, de Budget muss natierlech nach approuvéiert ginn, datt mer elo kënne pro Tranche, déi mer de Gemengen ausbezuelen, 15,85 Millioune méi ausbezuelen, wéi dat bis elo de Fall ass.”

Da wëll ee beim Fonds pour l’emploi rëm zeréck goen op de System vu virun 2017, bei deem all Gemeng 2% vum Impôt commercial abezilt. Dëse Changement wier am Conseil supérieur vun de Gemengefinanze gutt geheescht ginn. D’Chômage-Gesetz soll deementspriechend adaptéiert ginn.

“An do si besonnesch och d’Gemenge Leideleng an Nidderaanwen betraff. Leideleng bezilt haut 1,7 Milliounen an Nidderaanwen 2,2 Milliounen Euro an de Fonds pour l ‘emploi. Et sinn eng Rei Gemengen, ganz grouss Gemengen, déi bezuele guer näischt. An et sinn eng Rei kleng Gemengen, déi bezuelen am Fong méi an, wéi se iwwert den Impôt commercial ra kréien.”

E weidere Punkt wieren d’Gemengesubsiden, sou de Léon Gloden. Zesumme mam Syvicol gouf en Aarbechtsgrupp op d’Bee gestallt, fir ze kucken, wat een do ännere kéint, fir d’Gemenge besser ze ënnerstëtzen.

Dann dierft et eng Reform gi vum Gesetz vun de Gemengefinanzen aus dem Joer 2017. Bei där Geleeënheet géing alles zur Diskussioun stoen, och de de Krittär vun der Population ajustée, iwwer deen d’Gemenge Leideleng an Nidderaanwen sech opreegen. Wat dann erauskéim, dat géing ee gesinn, sou de Minister Gloden.

Back to Top
CIM LOGO