Aarbechtsrecht an der ChamberLeit aus Drëttstate solle méi einfach zu Lëtzebuerg kënne schaffen

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem stoung op der Dagesuerdnung vun der Chamber eng Upassung vum Aarbechtsrecht zu Lëtzebuerg.

D’Parlament huet e Mëttwoch de Mëtteg eestëmmeg eng Rei aarbechtsrechtlech Ouverturë fir Leit aus Drëttstaaten guttgeheescht, och fir Demandeurs de protection internationale. D’Delaie fir den Accès op den Aarbechtsmaart gi verkierzt.

Leit aus Drëttstaaten ouni Openthaltsgeneemegung däerfen net agestallt ginn, déi mat Openthaltsgeneemegung awer ouni Aarbechtsgeneemegung och net. Dat gëtt präziséiert. Eng Ausnam gëtt et, wann een manner ewéi 3 Méint bannent engem Joer zu Lëtzebuerg schafft.

Da ginn d‘Prozeduren bei der ADEM däitlech erof fir Beruffer, déi a Manktem u Personal sinn. Leit aus Drëttstaate gi consideréiert, fir déi oppe Plazen ze besetzen. Et géif iwwerdeems drëms goen, méi Leit un d’Schaffe ze kréien, déi eng Demande gestallt hunn, fir hei Protektioun ze kréien.

Leit, déi an d’Land däerfe kommen, fir nees mat hire Familljememberen zesummenzeliewen, kënnen och hei schaffen.

Studenten a Fuerscher aus Drëttstaaten, déi hei zu Lëtzebuerg hiren Ofschloss gemaach hunn, däerfen an Zukunft 12 Méint no hirem Studium nach bleiwen.

Et soll och méi konsequent a séier géint Persoune virgaange ginn, déi Leit an enger irregulärer Situatioun ustellen. Ëmgangssproochlech géif ee soen: méi streng Moyene géint modern Sklavenaarbecht.

Am selwechte Gesetz gouf och decidéiert, dass d’Täschegeld, dat Leit kréien, déi de Statutt als Refugié hunn, respektiv déi eng Demande fir international Protektioun gemaach hunn, liicht eropgesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO