
Déi lëtzebuergesch an déi franséisch Autoritéiten schaffen jo verstäerkt zesummen, an der Lutte géint den irregulären Transfert vun Offall. E Freideg gouf an deem Sënn, nomëttes am Raum Péiteng, Rëmeleng, Däitsch-Oth, Mont-Saint-Martin a Val de Briey kontrolléiert.
Vu Lëtzebuerger Säit waren eng Dosen Douanieren an zwee Fonctionnairë vun der Ëmweltverwaltung am Asaz.
203 Gefierer goufen op Lëtzebuerger Säit ugehalen. 4 Avertissementer goufe geschriwwe wéinst Problemer mam Enregistrement. 3 Gefierer, déi Offall gelueden haten, goufen ëmgedréint, well se keng valabel Dokumenter hate fir mat hirer Charge iwwert d'Grenz ze fueren.
D'Kontrollen op béide Säiten vun der Grenz wäerten dann och weidergoen.