
Bei Sommet goung et ënnert anerem ëm d'Proximitéit zum Bierger, d'Integratioun an déi zukünfteg Entwécklung vun der Groussregioun. Ënnert deene ronn 100 Invitéen waren och de Premier Xavier Bettel an d'Regierungscheffin aus dem Rheinland-Pfalz Malu Dreyer.
An de leschte Joren hätt ee besonnesch vill fir d'Kanner an der Groussregioun gemaach, huet d'Corinne Cahen betount. Zum Beispill mat Hëllef vum Projet Digital Kids, wou Kanner aus der Groussregioun zesummekomm sinn an Aktivitéiten am digitalen Beräich gemaach hunn. Den Ament liewe ronn 11,6 Millioune Leit an der Groussregioun, dovunner all Dag eng 240.000 Leit iwwer eng vun de Grenze fuere fir Schaffen ze goen.
Fir d'Mobilitéit an der Groussregioun an Zukunft ze verbesseren, wëll een d'Frequenz vun den Zich an de Bussen erhéijen, ënnersträicht d'Ministesch fir d'Groussregioun, Corinne Cahen. Nieft dem ëffentlechen Transport wéilt een och méi an d'Stroossen investéieren. Bis ewell géif een awer schonn zesummen dru schaffen. D'Grenzgänger wieren och scho gefrot ginn, wat misst besser ginn.
Och wat d'Proximitéit zu de Bierger ugeet, hätt een an de leschte Jore vill gemaach, esou d'Corinne Cahen weider. Ënnert anerem hätt een d'Haus vun der Groussregioun opgemaach a Konferenzen organiséiert. Donieft wollt een de Leit méi iwwert d'Groussregioun informéieren, esou ewéi Kanner a Jonker zesummebréngen a se dozou kréien, sech nach méi fir d'Groussregioun z'intresséieren.
De gréissten Defis an Zukunft wier awer d'Kohesioun an Europa, esou nach d'Corinne Cahen. Am Kader vum Sommet vun der Groussregioun huet Lëtzebuerg eben d'Presidence un d'Saarland weiderginn. Déi Presidence, déi bis d'nächst Joer dauert, steet ënnert dem Motto: "An Zukunft komme mir besser virun".
Déi saarlännesch Presidence wëll sech dann och verstäerkt fir den ECBM asetzen, dat ass de sougenannten European Cross-Border Mechanism. Hei geet et drëm, ëm eng besser Kooperatioun bei grenziwwerschreidende Projeten ze schafen. Den neien däitsch-franséische Frëndschaftsvertrag géif hei à moyen terme hëllefen.
Déi grenziwwerschreidend Kooperatioun soll dann och eng Plus-Value fir Europa sinn. An Zukunft wéilt ee virun allem awer d'Groussregioun an Europa nach méi visibel maachen, esou nach de saarlännesche Regierungschef, Tobias Hans. Mat Hëllef vun der politescher Zesummenaarbecht an de leschte 25 Joer an der europäescher Ënnerstëtzung ass d'Groussregioun e Modell fir déi europäesch Integratioun ginn. Besonnesch misst awer den Dialog mat den Jonke gesicht ginn. An der Groussregioun liewen den Ament 11,6 Millioune Leit, déi e PIB vun 391 Milliarden Euro generéieren.