Previsioune vum StatecLëtzebuerg kéint 2070 iwwer eng Millioun Awunner hunn

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet seng Previsioune fir d'Lëtzebuerger Demographie am Joer 2070 virgestallt.
© Alexandre Benavente

Lëtzebuerg wiisst weider an entwéckelt sech Richtung eng Millioun Awunner. Dës kéinten 2070 erreecht ginn, dat soen nei Projektioune vum Statec. Dem aktuellste Stand no, deen ass vun Dezember 2025, wunnen am Grand-Duché 691.000 Leit.

Déi verschidde Projektioune gesi véier Zenarie vir. Déi gi vu 944.000 Awunner a 44 Joer, bis hin zu méi wéi enger Millioun. Wann de Wuesstem an d’Salairen méi attraktiv sinn, wéi an den Nopeschlänner, wäerte méi Leit an de Grand-Duché kommen.

© Statec, Eurostat

D’Migratioun ass den Haaptmotor vum demografesche Wuesstem a mécht 80 Prozent vum Populatiounswuesstem aus. 2070 wäert och d’Liewenserwaardung an d’Luucht goen a soll bei ronn 90 Joer leien.

© Statec, Eurostat

Back to Top
CIM LOGO