Bis spéitstens Enn des Joers soll all Bierger an der EU Zougang zu enger digitaler Identitéit kréien, mat där ee sech online identifizéieren, offiziell Dokumenter späicheren oder administrativ Demarchen digital ofwéckele kann. Och Lëtzebuerg wëll sech bei deem Projet fréi positionéieren an huet op enger Konferenz vun der ABBL mat Vertrieder aus der Politik, dem Finanzsecteur an der Digitaliséierung iwwer d'Zukunft vum europäesche Wallet diskutéiert.
D'Iddi hannert dësem digitale Portmonni ass et, eng eenheetlech digital Identitéit fir d'Bierger an der EU ze schafen. All Memberstaat muss bis Enn des Joers seng eege gratis Wallet-App entwéckelen, déi a ganz Europa kompatibel soll sinn. Nieft enger digitaler Carte d'identité kéinten an Zukunft och Fürerschäiner, Diplomer oder aner offiziell Dokumenter digital an dëse Wallet integréiert ginn, déi dann déi selwecht legal Valeur hätten ewéi déi am klassesche Format.
Dës App soll dann ënner anerem mat bestoende Servicer wéi LuxTrust oder MyGuichet kompatibel sinn, fir administrativ Demarchen an digital Identifikatiounsprozesser europawäit méi einfach a méi séier ze maachen, wéi de Lionel Antunes, Departementschef beim CTIE, dee fir déi technesch Infrastruktur, d'Sécherheet an d'Integratioun vun den digitale Staatsservicer zoustänneg ass, erkläert:
"Toutes les démarches de MyGuichet seront potentiellement utilisable avec l‘application et il y a aussi tout un ensemble de fournisseurs de service en ligne du secteur privé, qui ont une obligation légale de supporter le Wallet dans le secteur bancaire, assurances, énergies, etc."
Fir Banken a Finanzinstituter kéint dat eng grouss Verännerung bedeiten. Prozesser wéi d'Identifikatioun vu Clienten oder d'Ouverture vun engem Kont kéinte méi séier a méi einfach ginn. De Wallet kéint nämlech net nëmmen administrativ Demarchë vereinfachen, mee och d'Bezuelen an déi digital Ënnerschrëften an Zukunft méi staark matenee verbannen, esou d'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL.
"Donc ça pourra à terme avoir une transformation assez importante dans notre secteur, dans le sens qu‘il y aura de plus en plus de use case qui vont rentrer dans ce Wallet, peut-être avec les certificats de résidence et une série de documents qui seront mis à disposition via ce Wallet et le client décidera à sa propre initiative de partager ces documents avec son institution bancaire, pour pouvoir faciliter les processus."
Mee de Projet wërft och Froen op. Kritiker warne virun enger ze staarker Zentraliséierung vun digitalen Donnéeën oder viru méigleche Risiken am Beräich Dateschutz a Cybersécherheet. D'EU betount zwar, datt d'Kontroll iwwer d'Date bei de Bierger selwer soll bleiwen, an datt just déi Informatioune gedeelt ginn, déi fir eng spezifesch Demarche wierklech néideg sinn. Bis et esou wäit ass, wäert de Ministère fir d'Digitalisatioun nach eng Informatiounscampagne lancéieren.