Kannergemengerot mécht VitessekontrollenKanner setze sech a fir méi Stroossesécherheet

Monica Camposeo
De Shared Space zu Bartreng ass eng Plaz, op där besonnesch Virsiicht gebueden ass. Fir d'Automobilisten dorunner ze erënneren, hunn d'Kanner selwer mat der Police Vitesskontrolle gemaach.
Kannergemengerot mécht Vitessekontrollen
De Shared Space zu Bartreng ass eng Plaz, op där besonnesch Virsiicht gebueden ass.

Mat 35 duerch eng 20er-Zon? Dat kann deier ginn! Mee virun allem extrem geféierlech, wann zum Beispill vill Kanner um Wee fir an d'Schoul sinn. De Shared Space zu Bartreng ass esou eng Plaz, wou besonnesch Virsiicht gebueden ass. Fir d'Automobilisten dorunner ze erënneren, hunn d'Kanner selwer mat der Police Vitesskontrolle gemaach. Amplaz vun engem Protokoll gouf et awer eng Orange oder eng Zitroun.

Déi 14 jonk Vertriederinnen a Vertrieder aus dem Kannergemengerot hu selwer op de Problem opmierksam gemaach. D'Schoul ass och am Shared Space an obwuel d'Foussgänger hei Prioritéit hunn, fille sech vill Kanner net sécher. Den Eric, 12 Joer an d’Amelia, 10 Joer, fannen et geféierlech, well d’Autoen zum Deel net stoe bleiwen oder ze séier ënnerwee sinn an d’Kanner net gesinn.

D'Kontroll-Aktioun gouf zesumme mat der Police organiséiert. D’Beamte weisen de Kanner, wéi de Radar fonctionéiert, fir dass si selwer d’Vitess kënne moossen. An tatsächlech dauert et net laang, bis den éischten Auto geblëtzt gouf. E Protokoll gouf et zwar net, amplaz hunn d'Kanner Zitroune verdeelt. De Mattis huet dat gutt fonnt, fir d’Leit dorop opmierksam ze maachen, dass si besser sollen oppassen. Hien huet just eng Zitroun verdeelt, sot hien. Wien sech nämlech un déi 20 Stonnekilometer am Shared Space gehalen huet, krut eng Orange. Vill Automobilisten hunn en plus d'Plaz an domadder och de Problem vum ze séiere Fuere gutt kannt, soen der eng Rei am Interview. Een Här fënnt d’Aktioun besonnesch gutt, well domadder och d’Kanner sensibiliséiert ginn, selwer net ze séier ze fueren, zum Beispill mam Vëlo.

Genee aus deem Grond léisst d'Police d'Kanner och selwer kontrolléieren, esou de Melvin Ross, Inspekter bei der Police routière vun Esch. Esou kréien d’Kanner och e Gefill fir d’Vitess a wa si gesinn, dass eventuell hir Elteren ze séier fueren, kënne si eppes soen.

Foussgänger hunn am Shared Space ëmmer Prioritéit

Eemol de Mount trëfft sech de Kannergemengerot. Mee d'Sécherheet op der Strooss ass ëmmer nees en Thema. Dowéinst gëtt och mol méi dacks mat esou Kontrolle sensibiliséiert, erkläert den Educateur Yannick Frantzen. D’Problematik kënnt ëmmer nees op, och wann et fir dëst Joer déi éischt Kontroll ass.

Protokoller goufen op dëser spezieller Vitesskontroll awer keng gemaach, och wa verschidden Automobilisten ze séier ënnerwee waren. Mee d'Kanner si ganz zefridde mat hirer Aarbecht a ganz zouversiichtlech, dass et och eppes bruecht huet. Den Eric, 12 Joer, huet d’Erfarung gemaach, dass d’Leit positiv reagéiert hunn, och wa si eng Zitroun kruten. Den Aaron an den Eloann, allebéid 10 Joer, hunn d’Chaufferen och dorunner erënnert, dass bei enger nächster Kontroll e Protokoll vun 49 Euro ze bezuelen ass.

Et sief dann erënnert, dass d'Foussgänger, also och d'Kanner, déi absolut Prioritéit an engem Shared Space hunn. An domadder och iwwerall, an net just do, wou Zebrasträife sinn, mussen iwwer d'Strooss gelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO