126 verschidde Wënsch huet d'Wonschkutsch asbl zanter hirer Grënnung mëttlerweil erfëllt. Um Sonndeg gouf e Bikertour iwwer ronn 90 Kilometer ronderëm d'Éisleker Koppen organiséiert. Et goung iwwer d'Staumauer, laanscht d'Buurschter Schlass an d'Toodlermillen.
An der Säite-Kärche goung et fir de Jos Majerus iwwer Bierg an Dall. All Minutt huet den haut 65 Joer ale Mann genoss. D'Freed wärend dem Tour war riseg. Mat 25 Joer huet de Jos Majerus d'Diagnose MS kritt. Vill Joer war hien nach mobil. Zanter gutt 10 Joer ass de Mann mëttlerweil un de Rollstull ugewisen.
Méi Informatioune ronderëm d’Wonschkutsch kritt een op www.wonschkutsch.lu